An e méi klenge Wunn-Espace, fir wann een net méi brauch oder ee wëll Sue spueren, sinn ëmmer méi gefrot. Och zu Lëtzebuerg.
Mat der Gemeng Stroossen mécht sech dann elo och déi éischt Gemeng am Grand-Duché offiziell fir Tiny-House-Projeten op. Wéi dat genau soll fonctionéieren, erkläert den Tim Morizet.
Den Dram vum eegenen Doheem ass bei ville Lëtzebuerger trotz den héije Logementspräisser nach ëmmer do, och ronderëm déi méi grouss Stied. D’Gemeng Stroossen huet sech an deem Kontext e Stouss no fir getraut a wëll an Zukunft Plaz fir “tiny”, also kleng Haiser an der Gemeng schafen. Dës Wunnenge sinn an der Moyenne tëscht 28 a 95 Metercarré, erkläert de Stroossener Buergermeeschter Nico Pundel:
“Et gëtt een haut zu Lëtzebuerg verdammt, wann een en Terrain huet an et bebaut een en net. Dofir ginn et awer vläicht Grënn, vläicht huet een e Kand vu 15 Joer doheem an et wëll een den Terrain spéiderhi weiderginn. Dofir hu mer eis gesot: ok, da gëff der Gemeng däin Terrain fir zum Beispill 10 Joer a mir stellen dann Tiny-Haiser drop. Da kréie mer da vläicht 2 bis 3 Stéck drop gestallt a mir schafe gläichzäiteg e flotte Projet.”
An d’Gemeng këmmert sech um Terrain ëm d’Connectioun um Stroum a Waasser Reseau. Et kann ee säin eegent klengt Haus matbréngen, respektiv souguer eent, wéi schonn eent zu Stroossen steet, iwwert d’Gemeng lounen, esou de Nico Pundel:
“Et gi bis ewell nach keng Ufroen. Mir hunn awer schonn e Proprietär, dee spontan zougesot huet an de Projet eng flott Iddi fënnt. Hien huet eis en Terrain vun 10 Ar fir 10 Joer zur Verfügung gestallt.”
All Proprietär zu Stroossen ka sech bei der Gemeng mëllen. Den Terrain muss awer fir e minimum vu 5 Joer fräigestallt sinn.
Manner Impakt op d’Ëmwelt a méi Suen am Portmonnie
D’Tiny House brauch net nëmme manner Plaz, ma ass och bei wäitem méi bëlleg beim Akaf, respektiv Lounen a beim Ënnerhalen. Och um energetesche Plang. Den Uwe Günther, hien huet d’Modell-Haus zu Stroosse mat geplangt:
“De positiven Effekt fir de Besëtzer vum Terrain ass, datt vill manner Uewerfläch versigelt gëtt. D’Tiny-House ass generell awer mobil. Et huet ee kaum en Impakt op den Terrain, wou herno eng Kéier dann drop gebaut gëtt.”
D’Tiny-House-Beweegung huet hiren Ursprong an den USA, wou vill Proprietäre wärend der Finanzkris vun 2008 hir Haiser verluer hunn, well se hir Prêten net zeréckbezuele konnten. D’Interessente sinn dacks weder Eko-Freaks nach Hippien. Dem Alain Holtz, Member vun der Tiny House Community Lëtzebuerg no interesséiere sech ëmmer méi Leit fir e méi minimalistesche Liewensstil.
“D’Leit a virun allem och politesch Leit hunn heiansdo Angscht, wéi eng geckeg Leit, déi esou wëlle wunnen. Mee do hu mer an eiser asbl zum Beispill Leit vun iwwerall: vum Architekt, Polizist, Assistant sociale bis eriwwer zum Educateur. Dat si Beruffer a Leit, déi och an engem Studio, Appartement oder Haus kéinte wunnen. Mee d’Tiny House ass e perséinleche Choix.”
Dacks geet et drëm Plaz oder Suen ze spueren. Zu Lëtzebuerg gëtt een an der Moyenne tëscht 30 a 50 Prozent vu sengen Ausgabe fir Wunnen aus. Wäit iwwert dem europäeschen Duerchschnëtt.
Ass iwwerhaapt Plaz fir Tiny-Haiser an der aktueller Raumplanung?
En Tiny House a fräier Natur ofzestellen, ass net erlaabt. Ass d’Haus op engem Terrain installéiert, brauch een déi néideg Autorisatiounen. Allerdéngs sti grouss Terraine mat klengen Haiser am Widdersproch mat den aktuelle raumplanereschen Ufuerderunge vum verdicht Bauen.
“D’Tiny House ass awer just op engem Stack op enger Grondfläch. Dat heescht, datt et awer, am Verhältnis zu enger Residence mat 3,4 oder 5 Stéck, e grousse Flächeverbrauch ass,” erkläert de Jean-Claude Welter vum OAI, dem Ordre des Architectes et des Ingénieurs.
“Den Tiny-House-Mouvement hei ass éischter geduecht, fir Baulücken ze fëllen. Terrainen, déi elo nach länger Zäit sollen eidel stoen, kënnen a sollen esou och elo scho genotzt ginn. Mee och al Zonen, ewéi en ale Camping, déi net méi genotzt ginn ewéi se fréier genotzt goufen, sinn optimal fir Tiny-House-Communautéiten.”
Ee Modell-Haus steet aktuell zu Stroossen ausgestallt. Mee wie weess, an e puer Méint komme vläicht e puer bewunnten Tiny-Haiser dobäi.