Wéi geet et weider mat Liberty Steel?Matière première an Zukunft eventuell aus engem rumänesche Wierk

Monica Camposeo
Serge Pauly
Am Wierk vu Liberty Steel zu Diddeleng sinn d'Aarbechter gréisstendeels am Chômage partiel. Si sollen an der Moyenne een Dag an der Woch schaffen.
Wéi geet et weider mat Liberty Steel?
Am Wierk vu Liberty Steel zu Diddeleng sinn d'Aarbechter gréisstendeels am Chômage partiel. De Moment ass onkloer wéi et mam Stolwierk zu Diddeleng weidergeet.

Dat well hinnen d'Matière première feelt, fir richteg kënnen ze produzéieren. Well awer onkloer ass, wéi et mam Stolwierk zu Diddeleng weidergeet, gëtt et kee Finanzement, fir d'Matière kënnen anzekafen. An der Chamber war en Dënschdeg de Mëtteg eng Question élargie vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar dozou.

D'Monica Camposeo huet zu Diddeleng mat de betraffenen Aarbechter geschwat.

Wéi geet et weider mat Liberty Steel? / vum Monica Camposeo

"Mir hunn elo mol gesot kritt, dass mer d'Paien bis August géinge kréien. Mee iergendwann ass et um Enn gell, d'Leit hunn Angscht an dofir siche si sech jo och aner Plazen."

D'Sylvie Gambini schafft schonn iwwer 30 Joer am Stolwierk zu Diddeleng. Si huet d'Entwécklung vun der Galvalange matgemaach. Esou eidel wéi elo, wier d'Wierk soss net, esou d'Presidentin vun der Personal-Delegatioun:

"Mir bréichten eng Finanzsprëtz an dann een, deen eis d'Material liwwert. A wou mer drop rechne kënnen, dass et och kënnt. Well wéi mer nach Mittal waren zum Schluss, do si mer och net méi beliwwert ginn. Dowéinst weess ech elo net, wien eis dat alles kéint ganz richteg liwweren. Mee dat ass awer eisen Haaptproblem, d'Virmaterial."

D'Matière première kéint an Zukunft eventuell aus engem rumänesche Wierk kommen. An der Chamber huet den CSV-Deputéierte Mosar bezweiwelt, ob d'Qualitéit dann nach déi nämmlecht géing bleiwen. Vum Wirtschaftsminister Franz Fayot koum d'Äntwert, dass een den Ament all d'Diere wéilt op halen. Et géingen aktuell Gespréicher mat potentiellen industrielle Partner lafen, fir op all Eventualitéit preparéiert ze sinn. Trotzdeem wier vu Lëtzebuerger Säit d'Vertrauen an de Gupta-Grupp manner grouss ginn, well villes an Aussiicht gestallt géif, awer näischt Konkretes nokéim. D'Gedold wier esou lues um Enn, esou de Franz Fayot. Dobäi hunn d'Analyse vun der SNCI als staatlech Investitiounsbank erginn:

"Dass d'Diddelenger Wierk mat der gewinnter Auslaaschtung an engem normalen Ëmfeld profitabel ka schaffen. An et ass jo gewosst, dass d'Konjunktur fir déi Produiten den Ament ganz gutt ass, sou dass dat wierklech eng positiv Konklusioun [vun der SNCI] an e positiivt Signal ass, wat Diddeleng ugeet."

Aarbecht ass do an d'Clientë wéilten och weiderhin hir Produiten zu Diddeleng produzéiere loossen, weess den David Araba vum LCGB. Zanter 24 Joer schafft hie mëttlerweil schonn am Stolwierk zu Diddeleng.

"Wat d'Clienten ugeet, wësse mer, dass verschidde Clienten domadder averstane sinn, d'Bobinne selwer ze kafen an eis se ze liwweren, fir dass mir se kënne verschaffen."

Bis ewell hätt een dowéinst nach keng Clienten verluer. Ma laang kéint een déi Situatioun awer net méi aushalen. De Wirtschaftsministère wéilt och net méi éiweg nokucken, huet et an der Chamber geheescht. De Marché géing nach vill Alternative bidden.

PDF: Schreiwes vun déi Lénk am Dossier Liberty Steel

Back to Top
CIM LOGO