
Vum 5. bis den 30. Mäerz lancéiert Médecins Sans Frontières (MSF) eng nei Campagne, fir nei Donateuren ze rekrutéieren. Dat ganzt geschitt an den Akafszentren a Spideeler vu Lëtzebuerg. D'Zil ass et nieft der Opklärung iwwert d'Aarbecht vun der Organisatioun, finanziell Ënnerstëtzung vun neien Donateuren ze kréien.
D'Onofhängegkeet vun Médecins Sans Frontières baséiert op der Hëllef vun den Donateuren. 96% vun den Done si privat Fongen. Mat der neier Campagne soll dat bäibehale ginn.
Vum 5. bis den 8. Mäerz : CHL an hôpital Emile Mayrisch - Esch-Uelzecht
den 9. Mäerz : Delhaize - Jonglënster an Delhaize - Ettelbréck
den 12. an 13. Mäerz : Naturata - Rollengergronn
vum 12. bis den 15. Mäerz : Fakultéit - Belval
vum 14. bis den 16. Mäerz : Delhaize - Alzeng
den 16. Mäerz : Delhaize - Jonglënster
vum 19. bis den 22. Mäerz : Hôpital Kierchbierg an Zitha Klinik
den 23. Mäerz : Colruyt - Gaasperech an den Akafszenter Topaze - Miersch
vum 26. bis den 29. Mäerz : Lidl - Péiteng an Lidl - Miersch
den 30. Mäerz : Colruyt - Suessem an Akafszenter Topaze - Miersch