Gemeng KäerchMeeschtgewielte kënnt net an de Schäfferot

Diana Hoffmann
An der Majorzgemeng Käerch steet de Schäfferot fest.

Buergermeeschter vun der 2.700 Awunner Gemeng gëtt net de Meeschtgewielten 31 Joer ale Kevin de Oliveira (779 Stëmmen). Dëse Poste bleift vum Zweetgewielten a Buergermeeschter Jean Wirion (709 Stëmmen) besat.

Gemengewalen Käerch / Reportage Diana Hoffmann

Éischte Schäffe gëtt de fréiere Schäffen Yves Weyland (591 Stëmmen), zweete Schäffe gëtt d’Mary-Jo Andrich (581 Stëmmen). Dës Kandidaten, souwéi all aner Kandidaten, mat Ausnam vum Meeschtgewielte Kevin de Oliveira, waren als Ekipp “Är Leit” an d’Wale gaangen.

De Kevin de Oliveira sot, dass hien trotz guddem Walresultat net hätt wëlle Buergermeeschter ginn. Hien ass awer enttäuscht, net mat an de Schäfferot geholl ginn ze sinn. Argumenter wieren him awer net matgedeelt ginn. Hie géing d’Decisioun vun der Majoritéit awer akzeptéieren. Elo wéilt hien esou gutt wéi méiglech als Conseiller am Gemengerot matschaffen an eng konstruktiv Oppositiounspolitik maachen. Virun allem wëllt hie sech dofir asetzen, dass d’Kommunikatioun mat de Bierger verbessert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO