Ënnert de Gäscht waren de Grand-Duc Henri, de Premier Luc Frieden an och vill aner Éieregäscht aus Politik, Gesellschaft a Kultur. De Futurolog Max Thinius huet iwwer d’Méiglechkeete fir d’Handwierk am digitalen Zäitalter geschwat. De Max Thinius ass um Freideg den Invité vun der Redaktioun um Radio.
Am Abrëll 1924 gouf deemools d’Chambre des Artisans gegrënnt, an enger Zäit vu “relativem Stëllstand”, esou den aktuelle President Tom Oberweis. Zanterhier hätt sech vill gedoen, och haut géif ee fir Innovatioun am Handwierk stoen an Theme wéi d’Grënnung vun Entreprisen oder och d’Formatioun als wesentlech ugesinn.
De Premier Luc Frieden huet ënnerstrach, wéi wichteg de Bäitrag vun der Chambre des Métiers fir d’ekonomesch Entwécklung vum Land wier.
Den Tom Oberweis: “D’Handwierk ass deen éischten Employeur an deen éischte Formateur am Land. Et leescht all Dag ee konkrete Beitrag zur Integratioun vun onsen auslännesche Matbiergerinnen a Matbierger.”
Et hätt een 100 Joer am Déngscht vum Lëtzebuerger Handwierk a vun den Handwierkerinnen an Handwierker geschafft, esou den Tom Oberweis. Digitaliséierung, Innovatioun an Energietransitioun wieren dräi vun den Themefelder, déi ee staark am Fokus huet.
D’Chambre des Métiers representéiert mëttlerweil all d’Handwierksbetriber zu Lëtzebuerg. Vum Liewensmëttelsecteur bis d’Baubranche.
D’"Mega-Trends”, wéi zum Beispill Kënschtlech Intelligenz, Connectivitéit oder Ressource-Notzung, sinn déi grouss Erausfuerderunge vun der Zäit, erkläert den Tom Oberweis. Fir d’Zukunft am Handwierk ze garantéieren, missten haut déi richteg Wäiche gestallt ginn.