Nei Pompelstatioun TubishaffMéi a bessert Waasser fir d'Stad Lëtzebuerg

Tim Morizet
Iwwert déi lëscht 10 Joer ass d'Populatioun an der Stad Lëtzebuerg ëm iwwer 30 Prozent geklommen. De Waasserverbrauch awer just ëm 8 Prozent.

Eng Stad déi wiisst, braucht automatesch och méi Waasser. Fir de Ban de Gasperich an den Ausbau ronderëm d’Cloche d’Or an Zukunft mat genuch Waasser ze versuergen, gouf e Méindeg déi nei Pompelstatioun Tubishaff, direkt nieft dem Waassertuerm zu Zéisseng, ugeschalt. Neit Waasser fir de Stater Drénkwaasser-Reseau – aus 140 Meter-Déift eropgepompelt.

Waasserquellen fir d’Stad Lëtzebuerg / Rep. Tim Morizet

“An da schéisse mer d’Waasser eriwwer an de Waassertuerm”, erkläert eis d’Stater Schäffen a Waasser-Responsabel Simone Beissel. “Do gëtt alles gemëscht an dann hu mer genuch Waasser fir de Fall, datt emol eng kéier eppes wier. Esou hu mer de ganze Ban de Gasperich ofgeséchert.”

Aktuell kënnt Drénkwaasser aus der Stad zu 63 Prozent aus den eegenen 72 Quellen. Gutt 40 Quelle sinn den Ament aktiv. De Rescht kennt vum SEBES – aus dem Stauséi. D’Waasser mat manner Kallek a Nitrater erhéicht d’Qualitéit am Zentrum.

© RTL

D’Quantitéit beim Waasserkonsum ass just bedéngt eropgaangen – och wann d’Populatioun op 10 Joer ëm 32 Prozent gewuess ass. D’Simone Beissel: “Mir ware ganz laang op 7 Millioune Kubikmeter d’Joer. Virun 10 Joer waren et der 7,5. Trotz dem grousse Wuesstem si mer elo bei 8,1 Millioune Kubikmeter. D’Leit sinn drop opmierksam ginn, datt d’Waasser wichteg ass.”

161 Liter Waasser verbraucht de Stater an der Moyenne den Dag. Virun 10 Joer waren et nach 196. Den EU-Duerchschnëtt leit bei 144 Liter.

© Ville de Luxembourg

Waasserreseau gëtt lues a lues erneiert

En zweete Grond fir d’Waasser-Aspuerungen ass och, datt et manner Fuitten an der Stad gëtt. 2012 haten 8 Prozent vun den ongeféier 600 Kilometer Waasserreseaue kleng bis gréisser Rëss – haut ass een op 0,9 Prozent erof.

All Joer ginn ongeféier 3 Kilometer vum Waasserreseau mat neie Reier ersat, esou de Patrick Licker, Responsabele vun der Kanalisatioun an der Stad Lëtzebuerg: „Mir wëssen, datt mer Deels eng ganz al Kanalisatioun hunn. Mir leeën nei Reier, esou gutt et geet, koordinéiert wärend aneren Aarbechten. Mir fokusséieren eis natierlech op déi Quartieren, wou d‘ Kanäl méi al sinn. Hei leie mer bei aktuell 3 Kilometer d‘Joer. Mir missten am Fong bei 5 Kilometer d‘Joer sinn – do probéiere mer hinzekommen.“

Chantier Beggen bis 2030

E grousse Chantier bléift och d’Kläranlag zu Beggen. Et ass déi gréisst am Land, gebaut fir 210.000 Persounen. Mat all de Leit déi an der Stad schaffen, stéisst een awer u seng Limitten. En Ausbau fir den Equivalent vu 450.000 Awunner ass amgaang.

De Patrick Licker: “D’Kläranlag Beggen leet an e ganz klengt Gewässer an an d’Uelzecht. Wat och just e kleng Gewässer ass. Dat Waasser gëtt staark vun deem Waasser dat aus der Kläranlag eraus kennt chargéiert. Dofir musse mer d’Konzentratiounen am Oflaf erofkréien. Dobäi gëtt och nach eng véiert Klärstuf agebaut.”

Eng Stuf, déi d’Reduktioun vu Mikroschadstoffer am Drénkwaasser soll garantéieren, zum Beispill Medikamenter an aner Industrie-Réckstänn. Bis 2030 soll de Chantier fäerdeg ginn.

Back to Top
CIM LOGO