
Eng elektresch Zigarette am Handgepäck huet wärend engem Fluch vu London op Porto e Brand ausgeléist.
Scho kuerz nom Start huet den Apparat ugefaange mat brennen. Wéi Damp aus dem Gepäckfach komm ass, huet de Fliger direkt ëmgedréint, heescht et vun den zoustännegen Autoritéiten zu Lissabon.
Den Tëschefall ass schonn Ufank Februar geschitt, ma gouf awer elo bewosst publik gemaach a mediatiséiert, fir un d’Gefore vun E-Zigaretten ze erënneren. Obwuel dës zwar am Handgepäck erlaabt sinn, mussen se aus sinn an dierfen op kee Fall u Bord benotzt ginn.