Salz géint kal TemperaturenMéi bewosst an effizient streeën

Monica Camposeo
Wéi all Wanter sensibiliséiert Natur an Ëmwelt, fir dass besonnesch d'Privatleit méi effizient an ëmweltbewosst streeën.
Salz géint kal Temperaturen – Méi bewosst an effizient streeën
Wéi all Wanter sensibiliséiert Natur an Ëmwelt, fir dass besonnesch d’Privatleit méi effizient an ëmweltbewosst streeën.

Salz hëlleft zwar géint Schnéi oder Glatäis, kann awer fir Planzen, Déieren an d’Grondwaasser schiedlech sinn.

Um 3 Auer de Méindeg de Moien hu sech d’Ekippe prett gemaach, fir nach virum Beruffstrafic d’Stroosse fräizemaachen. Am spéide Moien ass ee scho gutt duerchkomm, ma d’Buedemtemperatur gëtt konstant iwwerwaacht. Eng Alternativ zum Salz gesäit de Responsabele vum Centre d’Intervention, den Daniel Ferron, net. Split zum Beispill géing sech nämlech net opléisen a lant dann an der Kanalisatioun.

Fir de Stroosseverkéier sinn aner Taumëttel effektiv keng Alternativ, dat fënnt och d’Lieke Mevis, Beroderin fir Natur an Ëmwelt. Op private Grondstécker geet dat awer. All Wanter versicht Natur an Ëmwelt dowéinst, virun allem d’Privatleit ze sensibiliséieren, fir effizient oder eben ouni Salz ze streeën. Eng Méiglechkeet kéint et och sinn, den Trottoir just ze botzen, ouni Salz ze streeën, wann d’Wiederkonditiounen et erlaben. D’Lieke Mevis réit, net de ganzen Haff, mee just e Wee ze streeën, deen ee benotzt, fir bei d’Agangsdier ze kommen.

Ze vill Salz korrodéiert nämlech an ass net nëmme fir d’Planze laanscht d’Strooss oder fir d’Grondwaasser, mee och fir d’Déiere schiedlech. Hënn- a Kazebesëtzer hätten dat sécher scho gemierkt; d’Patte vun den Hausdéiere kënnen Irritatioune kréien. Besonnesch um Trottoir wier Salz dowéinst net unzeroden, esou d’Lieke Mevis vun Natur an Ëmwelt.

Ma och wann d’Salz fir de Stroosseverkéier an de Wanterméint awer net ewechzedenken ass, géing och hei a Richtung méi Effizienz geschafft ginn. Eng Mëschung tëscht Waasser a Salz gëtt nämlech genotzt, fir dass d’Salzkäre besser um Buedem, also um Schnéi, peche bleiwen, erkläert den Daniel Ferron, Responsabel vum zoustännege Service bei der Stater Gemeng. 24 Prozent Salz kann am Waasser opgeléist ginn. Bei Glatäis gëtt just dës Mëschung genotzt. Bei Schnéi gëtt d’Salz-Waasser-Mëschung mat de Salzkäre gestreet. Mat dësem System ginn 30 Prozent manner Salz gebraucht, esou den Daniel Ferron.

Bis Enn Mäerz huet de Service eng Permanence. Schléit de System also nees un, ginn d’Ekippe geruff, fir an der Nuecht, virum Beruffstrafic, dofir ze suergen, dass d’Stroosse méiglechst sécher gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO