E Congé parentale Plus, dat ass een Element aus dem DP-Walprogramm. Et wier wichteg, den Elteren ze erméiglechen, méi laang bei hire Kanner ze bleiwen, sot d’Partei-Presidentin Corinne Cahen en Dënschdeg de Moien. Si war eis Invitée vun der Redaktioun. D'Leit sollten d'Méiglechkeet kréien, hir Aarbecht ze behalen. De Congé parental Plus setzt nom reguläre Congé parental un. Et ass keen Ersatzrevenue, mä et wéilt een, dass de Staat agräift.
Dëse Congé parental soll 18 Méint daueren, deen entweder just vun engem oder vu béiden Elterendeeler ka geholl ginn, deen Ament opgedeelt. De Staat soll deen Ament an d'Soziallaaschten an d'Rentekeess abezuelen. Et wéilt een awer och de Betriber entgéintkommen an hinnen erméiglechen eng Persoun anzestellen an de Staat géif d'Sozialleeschtungen fir déi Persoun iwwerhuelen.
D'DP wëll generell méi wäit goe bei der Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit. D'Leit géifen haut anescht schaffe wéi fréier, géifen eng aner Aarbechtszäit brauche wéi fréier. Hei schwieft der Regierunspartei eng Joresaarbechtszäit vir, sou dass se déi eng Woch kënne 46 Stonne schaffen, déi Woch duerno da just 34. Da kënne d'Leit sech awer och d'Deeg sammele fir bei hire Congé bäizesetzen. Et soll awer keng Alternativ zu der 40-Stonne-Woch sinn.
Méi flexibel Aarbechtszäite wiere gutt fir de Patron an den Employé, seet d'DP-Parteipresidentin. Et wier evident, datt béid Säite sech missten eens ginn. An den Ae vum Corinne Cahen missten dës Froen an de Betriber selwer verhandelt ginn.
Elo, wou et dem Land finanziell gesi gutt geet, gesäit d'DP fir déi nächst Jore Sputt fir weider Steiererliichterungen. Fir Elengerzéier an d'Mëttelschicht, déi sollte generell manner Steiere bezuelen. D'Kanner misste méi zielen, sollten nees bei de Steiere consideréiert ginn. Et kéint net sinn, datt eng Koppel ouni Kanner manner Steiere bezilt wéi eng Fra oder e Mann, dee seng Kanner eleng erzitt, fënnt d'Corinne Cahen.
Eng Ouverture soll et och am DP-Walprogramm ginn, wat de Cannabis ugeet. Aus der Siicht vun de Liberale sollt et zu enger Legaliséierung kommen, déi vum Staat kontrolléiert gëtt, sou eis Invitée vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moien.
D'DP-Parteipresidentin a Familljeministesch Corinne Cahen war en Dënschdeg d'Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.