
Vun deene Parteien, déi an op d’mannst zwou Proporzgemenge Lëschten opgestallt hunn, hu sech bei de Piraten am meeschten Auslänner opgestallt, bei der CSV am mannsten. Allgemeng weist sech en Trend, datt déi méi kleng Parteie méi auslännesch Kandidaten hunn, wéi déi grouss Parteien.
Bei dräi Parteien hu manner wéi 10 Prozent vun de Kandidaten an de Proporzgemengen net d’Lëtzebuerger Nationalitéit: d’CSV (6,3%), d’DP (7,9%) an d’LSAP (9,3%). Déi Gréng, déi och a méi wéi der Hallschent vun de Proporzgemenge komplett oder onkomplett Lëschten hunn, an däitlech méi wéi déi kleng Parteien, kommen op där anerer Säit op 16,3 Prozent. Domat stécht d’Partei par Rapport zu deenen anere groussen ervir, am Verglach mat deene klenge Parteien awer net méi.
D’Piraten, déi an 12 Gemenge komplett Lëschten an an enger Gemeng eng onkomplett hunn, hu knapp 22 Prozent auslännesch Kandidaten. Och déi Lénk komme mat hire siwe Lëschten op e Fënneftel auslännesch Kandidaten, Fokus läit knapp drënner. D’ADR, mat néng kompletten an zwou onkomplette Lëschten, huet ronn 16 Prozent auslännesch Kandidaten. Déi Konservativ hunn op hiren zwou Lëschte gutt 13 Prozent Net-Lëtzebuerger a bei de Kommuniste sinn et op den dräi Lëschten am Ganze gutt 12 Prozent Kandidaten, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit net hunn.
All EU-Bierger huet d’Recht, sech an engem anere Memberland fir d’Lokalwalen opzestellen a wielen ze goen, wann en do wunnt - dat geet op d’Aféiere vun der Uniounsbiergerschaft am Maastrichter Traité vun 1992 zréck. An enger Rei Länner, dorënner eben och Lëtzebuerg, gouf dat Recht op Net-EU-Bierger erweidert. Bei de leschte Wale gouf et nach eng Residenzklausel hei am Land, déi awer 2022 ofgeschaaft gouf. Lëtzebuerg war dat lescht Land, dat nach vun enger Derogatioun profitéiert hat fir d’Walrecht vun den Auslänner anzeschränken. Just d’ADR hat géint d’Gesetz gestëmmt 2022.
D’Informatiounen iwwert d’Nationalitéite vun hire Kandidaten hunn d’Parteien deels selwer mat der Publikatioun vun de Lëschte matgedeelt an deels op eis Nofro hi präziséiert. Eng Rei vun de Parteien hunn iwwerdeems ervirgestrach, datt vill vun hire Kandidaten déi Duebel Nationalitéit hunn, also déi Lëtzebuerger an nach eng aner.
Piraten: 21,8% (44/202 Kandidaten)
Déi Lénk: 20% (27/135 Kandidaten)
Fokus: 19,1% (12/63 Kandidaten)
Déi Gréng: 16,3% (80/491 Kandidaten)
ADR: 15,6% (26/167 Kandidaten)
Déi Konservativ: 13,2% (5/38 Kandidaten)
Kommunisten: 12,2% (6/49 Kandidaten)
LSAP: 9,3% (49/529 Kandidaten)
DP: 7,9% (49/623 Kandidaten)
CSV: 6,3% (38/602 Kandidaten)