
Wat d’Sécherheet op de Garen ugeet, nom Virfall de leschte Weekend, wou bal eng Dose Jugendlecher op zwee CFL-Mataarbechter lassgoungen, huet de Minister François Bausch ënnerstrach, datt ee schonn eng Zäit am Gaang wier, all d’Garë mat Kameraen auszestafféieren. An den Zich ass dat jo schonns de Fall. Fir extra Police-Unitéite fir d’Garen an an den Zich en place ze setzen, esou wéi d’Gewerkschaft Syprolux dat fuerdert, do erkläert de François Bausch:
Ech sinn nach ëmmer dofir gewiescht, et muss ee just kucken, wéi ee Konzept een do uwent, respektiv, mir mussen eis bei der Police d'Moyene ginn, fir esou eppes en place ze setzen. A mir wëssen, datt mir bei der Police grouss Rekrutementsproblemer hunn, dofir ass dat net esou einfach.
Et muss een och net mengen, datt dat, an all déi Saachen, déi mir wëlle maachen, oder am Gaange sinn ze maachen, dat heiten hätt eventuell kënne verhënneren. Well dann hätten hei missten zoufällegerweis Agenten am Zuch sinn. Dat heiten ass tragesch an traureg an et seet eppes iwwert den Zoustand vun eiser Gesellschaft aus, an där mir liewen.
Et géif een och mat der Iddi spillen, op de Lokomotive Kameraen z’installéieren. Dat muss awer nach iwwerpréift ginn, esou den Transport- a Policeminister, deen och op de Preventiounsprogramm fir d’Sécherheet op der Bunn hiweist.
Plainte gemaach: CFL-Mataarbechter no brutaler Attack nees doheem