Nala.luMéi Visibilitéit fir lokal Betriber

RTL Lëtzebuerg
E Grupp vu Jonken huet eng Plattform gegrënnt, fir de lokale Butteker a Betriber, déi weiderhin aktiv sinn, méi Visibilitéit ze ginn...
Méi Visibilitéit fir lokal Betriber
E Grupp vu Jonken huet eng Plattform gegrënnt, fir de lokale Butteker a Betriber, déi weiderhin aktiv sinn, méi Visibilitéit ze ginn...

Verschidde Geschäfter verkafe weiderhin a liwweren aus oder bidden hir Servicer online un. Wat dëse Betriber feelt, ass Visibilitéit. Duecht sech e Grupp vu Jonken an huet kuerzerhand nala.lu geschaf. Eng Plattform, wou een all dës lokal  erëmfënnt.

E Grupp vu Jonken huet eng Plattform gegrënnt fir de lokale Butteker a Betriber, déi weiderhin aktiv sinn, méi Visibilitéit ze ginn. Dëst besonnesch par rapport zu den internationale Konzerner.

An normalen Zäite wären am Amelie sengem Yogastudio elo eng 20 Schüler. Ma zanter Mëtt Mäerz halen hatt a seng Yoga-Profen neierdéngs Coursen am Livestream fir sech finanziell iergendwéi iwwer Waasser ze halen.

Amelie KUYLENSTIERNA, Proprietär vun engem Yogastudio: "Et ass zimmlech schwéier well mir hunn 3 Yogastudioe mat 3 héije Loyeren. Mir waarden nach ëmmer, ob mer Hëllef kréien. Bis elo krute mer awer nach keng bedeitend Ënnerstëtzung, also maache mer eist bescht mat de Livestream Coursen."

Un de 25 Online Course pro Woch huelen zwar am Schnëtt schonn eng 20 Schüler deel, de Studio verrechent awer manner fir e Livestream Cours. Muss deemno vill méi Leit erreechen, déi matmaachen. An där Hoffnung hunn d’Amelie an d’Susi d’Yogaschoul virun e puer Deeg op nala.lu ageschriwwen.

Susi MULLER – Yogaprof: "Et ass groussaarteg, well et hëlleft eis a warscheinlech och all deenen aneren, déi drop sinn, dat wat mer ubidden och un d’Leit ze bréngen. Dat ass momentan net einfach, d’Leit sinn zwar vill um Internet, mee d’Offere sinn dorëmmer. An elo hu mer eng Méiglechkeet dat méi direkt un d’Leit ze bréngen. Also, et ass wierklech eng groussaarteg Iddi dat ze maachen."

Hannert der gratis Plattform fir lokal Betriber stiechen dës 8 Jonk Leit. Studenten a jonk Professioneller, déi hir Zäit elo sënnvoll wëllen notzen, fir lokale Betriber par rapport zu internationale Konzerner eng Visibilitéit ze ginn.

Moritz HOSS - Matgrënner vun nala.lu: "Et huet eigentlech ugefaangen, dass meng Mamm Blumme bestelle wollt an e Frënd gefrot huet, wou een eigentlech Kannerschong … wat fir Butteker an hirer Géigend eigentlech nach op hunn a Livraisons à domicile oder à emporter maachen."

D’Plattform ass nach keng Woch online, ma et si schonn iwwer 200 Betriber aus 11 Beräicher ageschriwwen. Am Ufank huet ee kënneg Geschäftsleit kontaktéiert fir matzemaachen, esou och de Marc Klopp. De Florist seet, duerch nala.lu hätte sech schonn nei Cliente gemellt.

Marc KLOPP – Patron vun engem Blummebuttek: "Jo, gëschter hat et schonn ugefaangen, datt der dat do gesinn hunn, déi sech dunn och gemellt hunn a gesot hunn, si hätten eis op der Säit vun hinne gesinn."

Obwuel et méi roueg am Betrib ass, an och just d’Halschecht vun der Ekipp schafft, langweilt ee sech hei net. D’Leit bestelle vill. D’Zuel vu Livraisoune wär zanter dem Confinement an d’Luucht gaangen, erzielt de Chauffeur Larry.

Larry – zanter 25 Joer am Betrib: "Well se net an d’Geschäft komme kënnen, bestellen d’Leit elo méi iwwer Telefon. A lo wou mer an d’Planzenzäit kommen, do wëlle se lo och am gudde Wieder ufänken am Gaart ze schaffen. An dann hunn ech och gemierkt, dass vill Leit anere Leit Blumme schécke loossen, fir d’Moral ze hiewen an e bësse Faarf eran ze bréngen."

Op Nala.lu soll deemnächst nach eng Rubrik fir Restauranten a Liwwerdéngschter bäikommen, grad esou wéi eng Kaart, déi uweist, bei wéi engem Betrib a senger Géigend ee bestelle kann. Fir d’Plattform bekannt ze maachen, setzt déi jonk Ekipp net just op Presseaarbecht.

Moritz HOSS – nala.lu: "Mir hunn extra e PR-Team, dat op soziale Medie wéi Twitter, Facebook an Instagram, all Dag nei Posten, dass et de Leit am Alldag méi begéint. Natierlech ass och de Bouche à oreille fir Lëtzebuerg ganz wichteg."

De Yogastudio krut an de leschten Deeg nei Online Schüler bäi. Ob dat elo duerch nala.lu ass, wär schwéier soen, ma den Zouwuess stëmmt d’Patronne optimistesch.

Amelie KUYLENSTIERNA: "Hoffentlech kënne mer trotz den Ëmstänn eng Communautéit opbauen a wa mer dann nees opmaachen, komme se vläicht och bei eis an de Studio."

Fest steet elo schonn, dass d’Yogaschoul hir Livestream Coursen och no der Pandemie weider ubidde wëll.

Back to Top
CIM LOGO