Eng 30 Leit am AsazEn Abléck an d'Preparatioune vum Buergbrenne bei de Guiden a Scouten zu Beggen
Zanter de 70er Jore këmmere sech d'Guiden an d'Scoute vum Grupp St Christophe zu Beggen ëm d'Buergbrennen a féieren domat déi al Lëtzebuerger Traditioun weider, bei där symbolesch de Wanter verdriwwe gëtt.
Zu Beggen sinn et zanter de 70er Joren d'Guiden an d'Scoute vum Grupp St Christophe, déi sech em d'Buergbrenne bekëmmeren. Um Sonndeg fänkt et owes mat engem Fakelzuch un, ier dann no 19 Auer d'Buerg brennt.
Eng 30 Leit këmmere sech ëm d'Organisatioun vum Bau. Vu Palletten iwwer Chrëschtbeemercher bis holze Stämm gi verbrannt. Wichteg ass et awer och fir dëst Evenement eng Assurance ze hunn.
Preparatioune fir d'Buergbrennen zu Beggen (21.2.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Um Weekend no Äschermëttwoch brennen d'Buergen hei am Land. Dëst ass eng al Traditioun zu Lëtzebuerg, mat där symbolesch de Wanter verdriwwe ginn. Op ville Plaze sinn et déi lokal Veräiner, déi sech dësem Brauch unhuelen, vu Scoutsgruppe bis zu Pompjeesveräiner.
Buergbrennen zu Beggen - wärend 3 Deeg hunn d'Guiden a Scouten d'Buerg opgebaut
Zanter de 70er Joren organiséieren d'Scouten déi Traditioun zu Beggen.