
Enquêtéiert gëtt wéinst Steierbedruch, Blanchiment a Mënschenhandel. Rieds geet vun engem Bedruch, dee sech soll op iwwer 65 Milliounen Euro chiffréieren. D'Reprochë goufen en Dënschdeg an de Plaidoyere virum "Tribunal des Référés" zu Léck public gemaach.
De belsche Parquet schwätzt vu "generaliséiertem Sozialdumping", a Chifferen: eng 45 Milliounen u Paien, déi net bezuelt gi wieren an 20 Millioune Schued fir d'Sécurité Sociale - dëst eleng an de Joren tëscht 2014 an 2017.
Wéi d'belsch Zeitunge Le Soir an Echo e Mëttwoch schreiwen, hätt e belschen Untersuchungsriichter doropshin ewell am Dezember d'Decisioun geholl, eng 350 Camione vu Jost Group ze saiséieren. Eng Decisioun, géint déi d'Affekote vun der Firma kloen, sou datt dës Saisie nach net duerchgefouert gouf.
Den Dossier ëm d'Reprochë géint den Transporteur, deen eng 1.650 Leit beschäftegt, gëtt zanter 4 Joer vun der belscher Justiz instruéiert. Fir Preuven ze sammelen, war souguer en Undercover-Polizist als Camionschauffer infiltréiert ginn. Aussoe vum Beamten no hätt hie bis zu 18 Stonne missten hannerteneen hannert dem Steier vu sengem Truck sëtzen a bis zu 2 Méint am Camion selwer schlofen. Alles an allem schwätzt d'belsch Justiz vun engen 950 Leit, déi Affer vu Mënschenhandel gi wieren.
De Kontrakt gouf an der Slowakei signéiert, sollt awer fir Transporter an de Beneluxlänner, Frankräich an Italien gëllen.
Alles an allem huet de Chauffer fir seng Prestatiounen e Salaire vu maximal 650 Euro de Mount krut.
D'Camione si gréisstendeels a Rumänien an der Slowakei immatrikuléiert, do fuere si awer nëmmen eemol d'Joer fir en technesche Kontroll hin.
D'Reprochë géint d'Firma weie schwéier. Wéi Jost Group an engem Schreiwes matdeelt, wier iwwerhaapt näischt un den Accusatiounen drun, et wéilt ee sech an engem "climat serein" verdeedegen. Et verweist een op d'présomption d'innocence.
D'Firma mat Sëtz am Éislek huet eng ronn 20 aner Firmen, déi an enger Dose Länner etabléiert sinn.
Ewell am Fréijoer 2017 waren eenzel Responsabeler vun der Transportfirma an Untersuchungshaft koum, dorënner och de Patron Roland Jost. Och am Sëtz zu Wäisswampech haten et deemools Perquisitioune ginn.