
Konkret geet et ëm Donnéeë vu Passagéier, déi tëschent Enn 2020 an Juli dëst Joer wéinst engem Retard oder Annulatioun vun engem Luxair-Vol eng SMS, respektiv e Bong fir en Hotel oder e Restaurant kruten. Dëst dierften deemno dausende Cliente sinn, déi potentiell Affer kéinte gi sinn. D’Luxair preziséiert awer, datt net zwéngend all dës Donnéeën effektiv lo am Ëmlaf wieren, mä et besteet eeben d’Méiglechkeet. Dofir warnt d’Luxair viru Phishing-Attacken a suspekte Messagen, déi lo méiglecherweis Cliente mat engem Fake-Luxair-Logo kréien.
Dofir gëllt et duebel opzepassen, wann ee lo sollt Luxair-Maile kréien an op kee Fall attachéiert Dateien opmaachen. All Tëschefall soll dann och Bee-Secure gemellt ginn.
Wie weider Informatiounen iwwer dësen Incident wëll, ka sech bei data.breach@luxairgroup.lu mellen. D’Luxair schafft bis op Weideres och net méi mat der externer Firma zesummen.