
Déi ägyptesch Regierung huet jorelaang Zivilisten op der Grenz mat Libyen bombardéiert. An dat wéinst Donnéeën, déi vun der Lëtzebuerger Firma CAE Aviation weidergereecht goufen. Esou ass et an de Recherchen an de Presseberichter vun Disclose ze liesen. Am Optrag vun der franséischer Arméi huet déi Lëtzebuerger Firma nämlech Opkläerungsflich an Ägypten gemaach. E Skandal, deen elo net dierft ënnert den Teppech gekiert ginn, fënnt d’Initiative Pour un devoir de vigilance. Mä ëm wat geet et an där Affär genee? Honnerte Leit sinn duerch déi militäresch Operatiounen ëmbruecht ginn. Dat, well geduecht gouf, et géing sech ëm Passeuren handelen. 17 Associatiounen hunn sech an der Initiativ “Pour un devoir de vigilance” zesumme gedoen a wollte sech direkt virum Sëtz vun CAE Aviation um Findel un déi Responsabel riichten. D’Firma soll hir Verantwortung iwwerhuelen, mä och d’Politik, sou de Jean-Louis Zeien, ee vun den Organisateure vun der Aktioun.
Op Nofro hi wollt sech vun de Responsabele vun CAE Aviation awer keen zum Virfall äusseren. Dowéinst huet d’Initiativ hiren Appell an d’Bréifkëscht geheit. Vu politescher Säit krut den Ausseminister Jean Asselborn eng parlamentaresch Fro zu deem Dossier gestallt, déi dem Jean-Louis Zeien no awer enttäuschend beäntwert gouf.
Wisou de Ministère sech net méi kloer positionéiert, wéisst een net. Denkbar ass, dass dat wéinst de militäresche Froen esou wier. Oder och nach, well déi Lëtzebuerger Firma am Optrag vun der franséischer Arméi gehandelt huet.
D’Affär sollt awer elo net ënnert den Teppech gekiert ginn, dowéinst wëll ee mat esou Aktioune wéi virum Sëtz vun CAE Aviation en Zeeche setzen.
Mat engem Liwwerkettegesetz wier dëse Skandal net geschitt, war op der Plaz vun de Mat-Organisateure vun der Aktioun, dem Jean-Louis Zeien an dem Antoniya Argirova, ze héieren. D’Entreprise wier nämlech da verflicht gewiescht, eng Risikoanalys am Bezuch op méiglech Mënscherechtsverletzungen ze maachen. Fir d’Antoniya Argirova wier d’Beispill vun CAE Aviation en däitleche Beweis, dass et zu Lëtzebuerg eng juristesch Lacune gëtt, wat d’Entreprisen an d’Mënscherechter ugeet. Den Ament gëtt et kee Gesetz, dat et dem Staat kéint erméiglechen, géint esou Fäll virzegoen an och d’Affer z’entschiedegen.
D’Presseberichter vun Disclose weisen zudeem och, dass relativ fréi Ongereimtheete festgestallt goufen, ma trotzdeem wier déi militäresch Operatioun net gestoppt ginn. Vun 2016 bis 2018 ass mat den Opklärungsflich weidergemaach ginn.
Och als klengt Land kéint Lëtzebuerg mat engem nationale Gesetz géint Mënscherechtsverletzunge virgoen, huet de Jean-Louis Zeien ganz däitlech gesot. Dat wier och d’Responsabilitéit vun der Regierung, wann et esou villen a grousse Firmaen erlaabt gëtt, hei e Sëtz ze hunn.
Als Member vum Mënscherechtsrot vun de Vereente Natioune misst Lëtzebuerg mam gudde Beispill virgoen a sech net vertréischte loosse mat der Aussiicht op en europäescht Gesetz.
Deen heite Fall wier awer just ee Beispill, esou nach d’Initiativ “Pour un devoir de vigilance”. Dowéinst wéilt een an Zukunft nach weider op esou Mëssstänn opmierksam maachen.