
D'mental Gesondheet vu mannerjärege Jonke geet, iwwert d'lescht Jore gekuckt, zeréck. Parallel gi bei Jugendlechen ënner 18 Joer gesondheetlech Probleemer, wéi Iwwergewiicht erop an d'sportlech Aktivitéit geet erof.
Zu dëse Conclusioune kënnt d'international "Health Behaviour in School-aged Children" vun der Weltgesondheetsorganisatioun, wou nieft Lëtzebuerg a 45 anere Länner d'Donnéeën iwwert d'Wuelbefanne vu Jonke gesammelt an ausgewäert goufen. Hei am Land hu bal 8.700 Jonker tëscht 11 an 18 Joer un der Etüd deelgeholl, déi sech op Pre-Covid-Donnéeën aus dem Joer 2018 baséiert.
Datt d'mental Gesondheet vu Jonken erof geet, moossen d'Fuerscher do drun, datt d'Prevalenz vu gesondheetleche Problemer, mat deenen d'Jonk sech bei engem Dokter presentéiert hunn tëscht 2006 an 2018, vu 35% op 40% eropgaangen ass.
Iwwert d'Joren gekuckt geet iwwerdeem de Konsum vun Alkohol an Drogen erof, wat d'Cannabis-Fëmmen ugeet, sou geet dës Consommatioun nëmmen an der Altersklass tëscht 17 an 18 Joer erop.
65% vun de gefrote Jonke soen, datt si gär an d'Schoul ginn. Mee 40% soen och, datt si duerch d'Aarbecht an der Schoul gestresst wieren.
D'Fuerscher betounen, datt de sozio-ekonomesche Statut vum Stot natierlech en Impakt op d'Wuelbefannen an d'Gesondheet vun de Jonken huet: wann d'Kanner aus manner gutt gestallte Famillje kommen, wat d'gesondheetlech Problemer och méi grouss sinn.
Am internationale Verglach klasséieren sech d'Lëtzebuerger Jonk an der OMS-Gesondheets-Etüd am Mëttelfeld