D’ lescht Woch war am Vatikan den Anti-Mëssbrauchs-Sommet, wou sech Bëscheef a Vertrieder aus dem Kardinol-Conseil aus der ganzer Welt zu Roum zesumme fonnt hunn. An deem Kontext gouf d‘RTL-Redaktioun déi lescht Woch vun engem Mann kontaktéiert, deen an de 60er Joren e Fall vu Mëssbrauch an engem kathouleschen Internat erlieft hätt.
D’Persoun, déi eis kontaktéiert huet, war Enn de 60er Joren an en engem kathouleschen Jongen-Internat, wei och Dokumenter beleeën, déi eis de Mann gewisen huet. Wann, wei elo de Moment nees, iwwer Mëssbrauchsfäll géif geschwat ginn, géifen d’ Erënnerungen nees eropkommen. D’Diskussiounen ronderëm de Mëssbrauchs-Sommet huet den haut 60 Joer ale Mann genee suivéiert. D’Conclusioune vum Poopst wiere fir déi Concernéiert net zefriddestellend.

Wéi vill Fäll goufen tëschent 2011 an 2018 bei der Kontaktplaz fir Mëssbrauchsaffer gemellt a wat huet d'kathoulesch Kierch gemaach fir d'Protektioun vun den Affer an d'Preventioun?
Op déi Froe gëtt et en Donneschdeg eng Äntwert op enger Pressekonferenz, bei där ënnert anerem den Äerzbëschof an de Generalvikar dobäi sinn.
De Leo Wagener, hat Mëtt Februar am RTL Background annoncéiert, datt d'Kierch weider Informatioune géif public maachen. Dat ass also als Suivi vum Rapport ze gesinn, deen de verstuerwenen CSV-Politiker Mill Majerus 2010 zesumme mat senger Fra geschriwwen hat. Nach ass awer net gewosst, wéivill Fäll bäi koumen.

Als Rappell aus hirem Rapport iwwert de Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch war ervirgaangen, datt 138 Persounen ugeruff haten an datt 39 Fäll vu sexuellem Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch gemellt goufen.
An deem selwechte Rapport waren du Recommandatiounen op verschiddenen Niveaue festgehale ginn.
Virop um Niveau vun der kathoulescher Kierch, déi en Donneschdeg de Mëtteg public mécht, wat se schonn ëmgesat huet an dann um Niveau vun der Politik an der Gesellschaft.
E puer Recommandatiounen erausgepickt: De Mill Majerurs hat zum Beispill deemools gesot, datt d'Gesetzer kéinten, respektiv misste verbessert ginn.
An deem Beräich ass awer näischt geschitt. D'Verjärungsfrist ass bei 10 Joer bliwwen. Deemools war och ënnerstrach ginn, datt et net duer geet, fir d'Täter vu sexueller a physescher Gewalt anzespären. Et ass recommandéiert ginn, mat den Täter ze schaffen, allerdéngs bedauert 10 Joer méi spéit ënnert anerem den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand, datt do näischt geschitt ass.
Anescht gesäit et mat der nationaler Diagnostik a Berodungsplaz fir traumatiséiert Kanner a Jonker aus. Op deem Plang huet d'Alupse, d'Associatioun vun der Pediatrie sociale vill geschafft an an Tëschenzäit och eng Sozialpediaterin agestallt.
Dat war deemools och eng Fuerderung vum Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand. Vun do heescht et zwar déi Revendicatioun wier net an där Form ëmgesat ginn, an där se deemools geduecht war, mä et hätt sech awer eppes gedoen. Ee vun deene wichtegste Messagë gouf et 2010 awer um Niveau vun der Preventioun.
Vill Gespréichspartner vun der Hotline hunn ënnerstrach, datt et wichteg wier alles dofir ze maachen, datt d'Kanner vun haut verschount bleiwen.
D’RTL-Redaktioun huet decidéiert, d’Comment-Funktioun ënnert dësem Artikel ze stoppen, well verschidde Kommentatore sech leider net un d’Richtlinne vun eisem Forum halen.