Vill Aarbecht fir d'PoliceMesserattack am Bistro, Déifstall am Park, Kläpperei mat Pefferspray

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend an e Samschdeg de Moie goufen et eng ganz Partie Virfäll an der Stad an Ëmgéigend.
© RTL Archiv

Zu Bouneweg ass e Freideg de Mëtteg an engem Bistro e Mann vun engem Onbekannte mat engem Messer liicht blesséiert ginn. Hien ass op de Policebüro gaangen, fir dat ze mellen.

D’Police konnt de presuméierten Täter kuerz drop stellen. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl. D’Affer war just liicht verwonnt a konnt nodeems en Dokter passéiert war, de Policebüro nees verloossen.

E Freideg den Owend géint 19.30 Auer  gouf eng Persoun am Park an der Péitruss an der Stad beklaut. 4 Täter waren et. Si hunn dem Affer den Handy, Suen, Nike-Schong an eng Jackett ewech geholl a sech dervu gemaach. Um Belair gouf et kuerz no 20 Auer e Freideg den Owend e versichten Iwwerfall. 3 Leit wollten engem den Handy ofhuelen. Eng aner Persoun an engem Auto konnt d’Brigange verdreiwen.

Géint 3 Auer gouf et op der Paräisser Plaz op der Stater Gare eng Kläpperei an där eng 10 Leit dra verwéckelt waren. Pefferspray ass benotzt ginn. E puer Beamte waren néideg, fir d’Kläpper auserneen ze kréien. Ausléiser vum Sträit war d'Reproche vun engem geklauten Handy. Méi spéit huet sech erausgestallt, datt den Telefon, wéinst deem gestridde gouf, an engem Bistro vergiess gi war.

Back to Top
CIM LOGO