Aus dem PolicebulletinMesserpickerei zu Esch, Kläpperei an der Stad

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend gouf zu Esch-Belval e Mann mat engem Messer um Bauch blesséiert.
© Envato Rawf8

Der Police gouf eng blesséiert Persoun op der Héicht vun der Gare zu Déifferdeng gemellt. Op der Plaz hunn d’Beamten d’Affer dann och ugetraff. No enger Éischtversuergung op der Plaz gouf de Blesséierten an d’Spidol bruecht.

Éischten Informatiounen no wier et am Laf vum Dag um Belval zu engem Sträit tëscht engem Bekannte vum Affer an zwou anere Persoune komm. Wou de Sträit kierperlech ginn ass, gouf d’Affer mat engem Stéch liicht um Bauch blesséiert. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

En Donneschdeg den Owend koum et dann am Garer Quartier an der Stad nach zu enger Kläpperei tëscht e puer Persounen an der Rue Joseph Junck. Eng Policepatrull huet d’Affer net wäit ewech fonnt an och déi zwee presuméiert Täter konnten no enger kuerzer Poursuite zu Fouss an der Géigend festgehale ginn. Déi zwee Aggresseure waren alkoholiséiert a sinn de Beamte géigeniwwer onkooperativ opgetrueden. Well si an hirer Zoustand eng Gefor fir sech an anerer waren, goufe si an d’Ausniichterungszell bruecht.

Back to Top
CIM LOGO