Héije Besuch zu UewermaartelGrande-Duchesse Stéphanie op Visitt am Musée de l'Ardoise

Marlène Clement
Op engem Site vun aacht Hektar, direkt un der belscher Grenz, gëtt d’Geschicht vun der regionaler Schiferindustrie dokumentéiert. Och d'Grande-Duchesse huet sech ee Bild vum Schifermusée gemaach.
Grande-Duchesse Stéphanie op Visitt am Musée de l'Ardoise
D'Grande-Duchesse huet sech zu Uewermaartel ee Bild vum Schifermusée gemaach.

All Joer zitt et Dausende Visiteuren an de Musée de l'Ardoise zu Uewermaartel. E Méindeg huet sech och d'Grande-Duchesse Stéphanie ee Bild vum Schifermusée gemaach.

An der ënnerierdescher Grouf "Johanna" kann ee fir ee Moment an d'Welt vun de Leekëpperten andauchen. Huet een déi 370 Trape gepackt, waart 42 Meter ënnert dem Buedem eng impressionnant Kuliss, déi een 200 Joer zeréck an der Geschicht versetzt. Eigentlech geet et awer vill méi déif erof. D’Aarbechter sinn an der Zäit 168 Meter déif erofgaangen, fir de Schifer an de Grouwen ofzebauen an zu Leeën ze verschaffen.

Am Kontrast zu de Grouwe steet d'Villa Rother, déi no Renovatiounsaarbechten am Juni dëst Joer fir de Public opgaangen ass. Hei kann ee sech ee Bild maache vun der Entrepreneurfamill Rother, déi vun 1900 bis 1985 um Site gelieft huet.

Zejoert goufe ronn 22.000 Visiteuren um historesche Site gezielt. D'ASBL schätzt, datt et der dëst Joer aacht bis zéng Prozent méi sinn. Aktuell leeft och eng Demande, fir an d'Unesco-Weltkulturiewen opgeholl ze ginn. Bis zu enger definitiver Opnam kann et awer nach e puer Joren daueren.

Back to Top
CIM LOGO