
Et war eng Lëtzebuerger Propos, déi keng Friichte sollt droen. D‘Regierung ass kee Frënd vun der Vignette fir belsch Stroossen. Dowéinst hat si der Région wallone am Summer eng Ausname-Reegelung fir d‘Groussregioun proposéiert.
Namur ass awer net gewëllt, eppes u senge Pläng ze änneren. Dat sot de wallounesche Minister fir Mobilitéit François Desquesnes ënner anerem géintiwwer dem Essentiel.
D’Lëtzeberger Mobilitéits a Bauteministesch Yuriko Backes ass aus gesondheetleche Grënn net fir en Interview disponibel. Si léisst eis op Nofro hi schrëftlech ausriichten, datt een aus der Press gewuer gouf, datt d’Aféierung vun der Vignette op den 1. Januar 2027 confirméiert ass. Et hätt een zwar eng allgemeng Äntwert aus der Wallonie kritt, awer nach keng offiziell Réckmeldung zur Lëtzebuerger Propos.
D’Lëtzebuerger Regierung mécht sech weiderhi Suergen iwwer eventuell Konsequenzen. Soubal déi definitiv Texter do sinn, wäert een Analyse maachen an och préiwen, ob déi belsch Pläng konform sinn zum EU-Recht, heescht et vun der Ministesch.