Feierbakterie op der MuselOp d'mannst ee Joer laang dierf op betraffene Wéngerten näischt ugeplanzt ginn

Monica Camposeo
Vill oppe Froen duerch d'Feierbakterie op der Musel. E Méindeg de Moie fréi ass ugefaange ginn, déi betraffe Riefstäck lasszemaachen an dann erauszerappen.
Feierbakterie op der Musel
Op d'mannst ee Joer laang dierf op betraffene Wéngerten näischt ugeplanzt ginn.

Lëtzebuerg ass dat nërdlechst Land, an deem déi sougenannt Feierbakterie fonnt gouf, esou d'Ministesch Martine Hansen. Virbereede kéint ee sech op esou en Zenario net. Ma elo ginn déi néideg Mesurë geholl. D’Feierbakterie befält sëllege Planzenaarten, dorënner och Wäiriewen, déi doduerch ausdréchnen an ofstierwen. Well et de Summer iwwer esou waarm war, wier et schwéier, eng dréche Planz vun enger kranker Planz ze ënnerscheeden.

Duerch d’Prouwen, déi reegelméisseg geholl ginn, gouf d’Bakterie entdeckt. Virun enger Woch haten dräi vun am Ganzen 140 Prouwe positiv ausgeschloen. Um Méindeg de Moie gouf mat den Aarbechten ugefaangen, fir déi betraffe Riefstäck erauszerappen. Planzen, déi dräi Joerzéngt laang hei gewuess sinn, mussen elo futti gemaach ginn. D'Entrevue tëscht der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an de Wënzer war deementspriechend keng einfach. Eng Rei Froe stéingen nach op, esou d’Ministesch. "D'Wënzer gesinn, dass dat heiten noutwenneg ass. Et ass eng Virschrëft [a.v.d.R: vun der EU], mee si hunn natierlech alleguerten Angscht. Mir sinn elo am Gaangen an der Pufferzon Prouwen ze huelen a fäerten, wa mir do nach Positiver fannen, da geet et verschidde Betriber un d'Existenz. An dat wier schrecklech."

D'Pufferzon, dat sinn 2,5 Kilometer, vun do, wou d'Bakterie fonnt ginn ass. An engem Ëmkrees vu 50 Meter mussen d'Riefstäck komplett fortkommen. Bannent 400 Meter gi ganz dicht Stéchprouwe geholl, fir ze kucken, ob sech d'Krankheet weider verbreet huet. Ëmmerhin wier et elo duerch déi kal Temperature méi einfach, d'Situatioun an de Grëff ze kréien, erkläert de Serge Fischer, Direkter Institut viti-vinicole. De Vecteur, deen d’Bakterie iwwerdréit, flitt am Wanter net. Dat géing den Institutiounen Zäit ginn, fir mat de Wënzer ze kucken, wéi et weidergeet.

Fir déi aktuell Aarbechten iwwerhëlt de Staat d'Käschten. De Buedem muss dann awer op d'mannst ee Joer laang broochlouchen. Fir genee ze soen, wéi d’Wënzer entschiedegt ginn, wier et nach ze fréi, esou d’Martine Hansen. D’Berechnunge lafen nach. Eventuell kéint een och iwwert Ersatz-Wéngerten nodenken, ma och dës Plaze misst een awer fir d’éischt fannen. Un den Drauwen, déi vun de betraffene Planze schonn erageholl goufen, wier awer kee Problem, huet d'Ministesch nach betount.

Mat den däitschen Nopere wier een och an enkem Kontakt. Si hunn elo och ugefaangen, méi Stéchprouwen ze maachen. Et misst een awer bedenken, dass et op d'mannst dräi Wochen dauert, bis d'Resultater do sinn.

Back to Top
CIM LOGO