Gehackte Kont antëscht geläschtEducatiounsministère warnt viru Phishing-Mailen u Schüler

RTL Lëtzebuerg
Den Educatiounsministère warnt viru falsche Mailen, déi virop u Schüler erausginn.
Gehackten E-Mail-Kont fir Phishing bei Schüler genotzt.
© AFP

Eng Rei Jonker hate sech gemellt, well se Phishing-Maile kritt hunn. Doran ass e Link, mat deem d‘Schüler op de Site weidergeleet ginn, deen ausgesäit wéi dee vum CGIE also dem Centre de gestion informatique de l‘éducation.

Dës Maile si vun engem Email-Kont ausgaangen, dee gehackt gouf. De Kont vum concernéierte Schüler gouf antëscht geläscht.

Den Educatiounsministère huet Plainte bei der Police gemaach.

Back to Top
CIM LOGO