Alertes orange a rougeMeteolux warnt viru grousser Hëtzt an zolitten Donnerwiederen

RTL Lëtzebuerg
De staatleche Wiederdéngscht huet eng Hëtzt-Warnung fir de Süde vum Land erausginn.

E Sonndeg kënnen d’Temperaturen am Süde vum Land tëscht 12 Auer mëttes an 19 Auer owes plazeweis op maximal 35 Grad klammen.

Hei fannt Dir Tipps, fir Iech ofzekillen.

Fir den ëstlechen Deel vum Land gëtt et dann esouguer eng rout Alerte wéinst engem héije Risiko vun zolitten Donnerwiederen. Dat am Nomëtteg a géint der Owend. Dobäi gëtt mat bis zu 35 Liter Reen pro Metercarré bannent kierzter Zäit, staarkem Wand an deels och Knëppelsteng gerechent. Fir de Recht vum Land gëllt nëmmen eng Alerte jaune wat d’Donnerwiederen ugeet.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?

Back to Top
CIM LOGO