De Weekend ginn et deels bis zu 35 Grad Celsius. Mir hu fir iech e puer Saachen nogefrot.

Wisou gëtt et esou waarm?

De Meteorolog Jörg Kachelmann sot am RTL-Interview, et wier déi waarm Loft aus Nordafrika, déi fir déi héich Temperaturen de Weekend géif suergen. Bis zu 35 Grad Celsius wiere méiglech, bis et e Sonndegmëtteg zu Wiedere kënnt.

Op wie muss ee besonnesch oppassen?

Virun allem kleng Kanner an eeler Leit verdroen d’Hëtzt net esou gutt. Bei klenge Kanner soll ee virop oppassen, se net direkt der Sonn auszesetzen, esou d’Dr. Anne Vergison vun der Santé. Op lëftegen a kille Plaze soll ee sech mat de Kanner ophalen. Wann ee mat klenge Kanner an der Poussette ënnerwee ass, soll ee besonnesch drop oppassen, dass nach Loft erakënnt, fir dass et an der Kutsch net ze waarm gëtt, et bräicht een e permanente Loftzuch. Kanner bei esou Temperaturen am Auto ze loossen, kéint séier an enger Katastrophe endegen.

Eeler Leit passe sech manner gutt un d’Hëtzt un, esou Dr. Anne Vergison. U sech misst een déi selwecht Mesuren huele wéi bei de Kanner. Dobäi kéim awer och nach, eeler Leit reegelméisseg drun ze erënnere genuch ze drénken.

Wann ee sech der Sonn aussetzt soll een drun denke sech anzecrèmen an och net ze laang an der praller Sonn ze sinn. Genuch drénken, minimum 1,5 Liter. Wann ee sech méi beweegt misst een och méi drénken.

RTL

© Envato

Wäerte mer méi heefeg mat esou Temperaturen ze dinn hunn?

Et gëtt ëmmer méi warscheinlech, dass mer am Summer mat Temperaturen iwwer 30 Grad Celsius ze dinn hunn, do ass de Jörg Kachelmann relativ kloer.

Wat kann ee béi sech Doheem maachen?

De Virdeel dëse Weekend wier, dass et an der Nuecht nach relativ gutt ofkillt, esou d’Anne Vergison, am Dag soll een d’Rideauen zoumaachen an owes dovu profitéieren, frësch a kill Loft an d’Haus ze loossen. Den däitsche Wiederexpert réit awer och am Dag fir Duerchzuch ze suergen an och mam Ventilator ze schaffen. Donieft hätte Leit mat enger Wäermepompel och en Avantage. Am Wanter kéint een domat hëtzen, am Summer killen.

RTL

© Envato