Interview am "Tageblatt"Michel Wolter schwätzt vu "Legendenbildung"

RTL Lëtzebuerg
Den CSV-Député-Maire vu Käerjeng widdersprécht Medieberichter, deenen no hie bei der Partei eng grouss Roll an de Kulisse géif spillen.

An deenen no hien och matgewierkt hätt, fir datt de Fränk Engel Parteipresident gëtt.

Hie wier just tatsächlech no de Walen dogéint gewiescht, datt de Claude Wiseler, de Marc Spautz an de Laurent Zeimet vun hire Féierungspositiounen 2 Deeg no de Wale schonn d'Handduch geheien, sou de Michel Wolter. Mä hie wier net den eenzege gewiescht.

Zur Wal vum Fränk Engel als CSV-President freet de laangjäregen CSV-Politiker: "Iwwer 550 Leit hunn um Kongress gestëmmt an ech soll se all beaflosst hunn? Dat ass jo Quatsch!"

Den Interview mam Michel Wolter ass an der Tageblatt-Editioun vum Freideg.

Back to Top
CIM LOGO