
Kuerz virum Optakt vun der Tripartite, laut d'UEL e Changement un hirer Spëtzt an. De Michel Reckinger gëtt vum 1. Oktober um Presidenteposte vum Vizepresident vum Assuranceverband ACA Marc Lauer ersat. D'Patronatsvertriedung insistéiert, datt een de Wiessel iwwert déi nächst Méint douce preparéiere wéilt. Am Kloertext heescht dat, datt déi zwee Männer déi nächst Méint zesummen d'Interessien vum Union des Entreprises vertriede wäerten.
Op d'Fro, ob de Michel Reckinger elo net riskéiert, déi nächst Méint eng "lame duck" ze sinn, sot de Marc Lauer no enger Denkpaus:
"De Michel an ech, mir schaffe gutt zesummen an ech mengen, wa mer zu zwee dat stemmen, alleguer déi Defien, déi vrun eis leien, da si mer zu zwee grad gutt genuch. Ech mengen, mir ginn eis eens. Mir hu laang driwwer geschwat, wat mir eis erwaarden allen zwee. A wéi gesot, ech gi ganz, ganz gutt mat Michel eens an ech ginn och dervun aus, datt hie ganz gutt mat mir eens gëtt."
D'Decisioun fir de Wiessel wier a Koordinatioun mam Michel Reckinger geholl ginn. A wa bis eppes decidéiert wier, da sollt een domadder och net hannert dem Bierg halen, fënnt de Marc Lauer.
Wie schwätzt da lo fir d'UEL op der nächster Tripartite?
"Mengen, do gi mer eis eens. Ech mengen, et ass kloer, datt de Michel Reckinger bis den 1. Oktober President ass. Et ass kloer, datt mer eis ganz gutt ofstëmmen. An ech gi mol dervun aus, ob Dir de Michel frot oder mech frot iwwer verschidde Saachen, datt ech do, datt Der zweemol mol déi selwecht Äntwert kritt."
Ënnert dem Michel Reckinger un der Spëtzt vun der UEL hat sech d'Relatioun tëscht Patronat a Gewerkschaften nawell verschlechtert. Den UEL-Chef hat bei eis op der Antenn dozou opgeruff, net op d'Pensiounsmanif ze goen an hat de Syndikater radikal Positiounen a Methoden virgeworf. Wat OGBL an LCGB net appreciéiert hunn.