Avis OKAJUMindeststrofalter: Op kee Fall ënner 14 Joer

Annick Goerens
Caroline Mart
Den OKAJU, den Ombudsman fir d‘Rechter vu Kanner a Jugendlecher, huet säin offiziellen Avis iwwer de Jugendschutz an d‘Jugendstrofrecht presentéiert.
Mindeststrofalter soll op kee Fall ënner 14 Joer erofgesat ginn
Den OKAJU, den Ombudsman fir d‘Rechter vu Kanner a Jugendlecher, huet säin offiziellen Avis iwwer de Jugendschutz an d‘Jugendstrofrecht presentéiert.

De Charel Schmit appelléiert un de Staatsrot, fir dem Avis eng absolut Prioritéit ze ginn, fir dass de Gesetzprojet nach dës Legislatur an der Chamber kann gestëmmt ginn.

Reform Jugendschutz / Reportage Annick Goerens

Global gesi wier dës Reform nämlech e Paradigmewiessel, mä elo géing all Dag zielen, fir d‘Texter nach besser openeen ofzestëmmen. “Fir se ofzeänneren esou, dass et keen Hindernis méi gëtt, fir déi Texter unzehuelen. Dat ass ganz wichteg effektiv, dass de Staatsrot och déi ganz Koherenz vun der Demarche am Fong analyséiert, vun den Texter an virun allem déi international Verflichtungen, déi Lëtzebuerg agaangen ass mat der Kannerrechtskonventioun an déi ganz Doktrinn, déi ganz Recommandatiounen, déi och zesummenhänken.”

Keen Versteesdemech huet de Charel Schmit zum Beispill fir den Mindeststrofalter. Ugangs hat d‘Regierung de sougenannte Strofmündegkeetsalter nämlech op 14 Joer fixéiert, mä proposéiert elo an engem Amendement 13 Joer. “Do ruffen mer d’Chamber op, dass déi wierklech dëst Amendement vun der Regierung net matdréit, mä dass se souverän hir Verantwortung hëlt, fir den Schéinheetsfeeler aus dem Text erëm erauszehuelen a fir een Alter ze setzen, dee mindestens 14 ass. Aus eiser Siicht gären och 15 oder 16 Joer. Well et muss ee sech virstelle mat 13 Joer géing dann e Jugendlechen, och an de Jugendprisong kommen, ënnert Fräiheetsentzuch, Saachen, déi kontraproduktiv sinn am Schaffe mat jonke Leit.”

Een anere Punkt op dem de Bic nach eemol misst ugesat ginn, wier den vum Kannerschutz och am Fräizäit-Beräich. Den OKAJU erkläert sech. “Et ass wichteg, dass all Ariichtungen, déi mat Kanner a Jugendlechen schaffen e Kannerschutzkonzept hunn, a sech ginn an de Projet de loi gesäit am Ament just vir, dass déi staatlech a konventionéiert Ariichtungen dat maachen. Et ass awer aus eiser Erfarung ganz wichteg, dass de ganze Fräizäit-, Kultur-, a Sportberäich hei ageschloss gëtt. An och do ass et wichteg, dass d‘Chamber de Schutz voll ausdeent op all Liewensberäicher, wou Kanner a Jugendlecher am Fong an der Ëffentlechkeet betreit ginn.“

De Charel Schmit huet d‘Hoffnung net opginn, dass dëse Reformpak bis virun de Wale ka gestëmmt ginn. Allerdéngs géing dat elo um Wëlle vun der Chamber leien, fir déi politesch Energie dofir opzebréngen.

PDF: Den Avis vum OKAJU

Back to Top
CIM LOGO