
An engem Zousaz vum Code du Travail steet, dass Mineuren net op der Fouer schaffen dierfen. Dës Reegele sinn u sech net nei, d’Gewerbeinspektioun huet just an enger Broschür drun erënnert. Dat ganzt gouf trotzdeem zum politesche Sujet.
Et gouf nämlech direkt vun den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Barbara Agostino an enger parlamentarescher Fro thematiséiert. D’Äntwert vum Aarbechtsminister war schonn no 4 Deeg prett.
Am Code du Travail steet, dass Mannerjäreger keng Aarbecht dierfe maachen, déi ënnert anerem e Risk fir hir physesch a psychesch Gesondheet duerstellt. De Minister Mischo verweist drop, dass Jonker ënner 18 nach matten an hirer Entwécklung sinn, esouwuel kierperlech wéi mental, moralesch oder gesellschaftlech.
Fir schiedlech Konsequenzen op deem Plang bei de Jonken ze verhënneren, wier de “commerce ambulant” am ëffentleche Raum fir si ënnersot ginn. An do falen och Kiermessen an d’Fouer drënner. D’Broschür, déi d’Gewerbeinspektioune schonn zejoert als Rappell vun deene Reegelen erausbruecht huet, wier och zesumme mat der Federatioun vun de Forainen an der Stad Lëtzebuerg ausgeschafft ginn.
Wann am Text vu spiritueller Entwécklung Rieds geet, esou geet et do drëm, déi Jonk virum schlechte Behuelen a Schutz ze huelen, zum Beispill wa Visiteure sech op der Fouer de Batti stellen.
Den Aarbechtsminister Georges Mischo ka mat zwou Hänn ënnerschreiwen, dass Vakanzenaarbecht de Jonke wichteg Wäerter mat op de Wee gëtt wéi Pünktlechkeet, Engagement an Duerchhalen, respektiv hinnen een Abléck an d’Aarbechtswelt gëtt. Et misst awer esou iwwer d’Bün goen, dass et net op Käschte vun de Jonken hirer Entwécklung geet. Dat wier och esou an der respektiver internationaler Konventioun, déi Lëtzebuerg ratifizéiert huet, wéi och am nationale Recht, esou verankert. Reegelen, déi et zënter 1958, respektiv 1969 gëtt. Dat si 66, respektiv 55 Joer hier.
De Georges Mischo verschléisst sech kenger Diskussioun, sollt se da gefrot ginn. Et misst een awer och weiderhin déi international an iwwerstaatlech Reegele respektéieren.