Mëttelstandsminister viru ChamberMinister Lex Delles huet um Krautmaart seng Prioritéite presentéiert

Maxime Gillen
Et war den éischten Optrëtt vum neie Mëttelstandsminister virun der zoustänneger Chamberskommissioun.

De Lex Delles huet den Deputéierten en Dënschdeg de Mëtteg d'Prioritéite vun der Regierung an deem Domaine virgestallt. Grouss Kritik dozou gouf et do nach keng, ma dat louch wuel och dorun, dass einfach nach net genuch Zäit war fir am Fong iwwert alles ze diskutéieren.

Classes moyennes - Reportage Maxime Gillen

Et misst een dem Minister mol eng Chance ginn, esou den CSV-Deputéierte Felix Eischen no der Sëtzung. Ma an enger Reunioun kéint een och net op alles agoen. An awer brennen den Deputéierten eng Rei Saachen ënnert de Neel, wéi zum Beispill den Ausbau vun den Aktivitéitszonen. Do géif elo e Kadaster vu Gebaier, déi eidel stinn, opgestallt, esou de Felix Eischen: „Dat ass ok. Do soll ee kucke wat et gëtt a wat eventuell nach fräi ass, mä dat geet awer net duer. Et geet ganz sécher net duer fir ze soen, do ass nach eppes eidel, komm mir setzen do een dran. Dat fänkt dee Besoin deen dobausse besteet ganz sécher net op. A mir géifen eis wierklech wënschen, dass de Mëttelstandsminister Lex Delles genee sou eng staark Lobby fir déi kleng a mëttel Betriber bei der Auswäitung vun den Aktivitéitszone mécht, wéi den Etienne Schneider dat fir déi grouss Betriber mécht.“

Den neie Minister gesäit sech als eng Zort Mediateur tëscht all deene Ministèren, déi d'Thema Mëttelstand betreffen. An och mat de Leit um Terrain wëll hien sech zesumme sëtze fir déi bescht méiglech Solutiounen ze fannen, zum Beispill bei der Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten, wou duerch e Geriichtsuerteel eng Reform vum Gesetz néideg ginn ass.

„Am Moment fuere mer mat Ausnamen. Ausnamen, déi souwuel fir d'ganzt Joer iwwer Sonndes op verschiddene Plaze sinn, wéi awer och op anere Plazen owes méi laang Ëffnungszäite sinn an an deem heite konkrete Fall eben och d'Ëffnungszäite geännert gi sinn iwwert eng Derogatioun. Et gëllt hei sech elo dëst Joer Zäit ze huele fir mat deene verschiddene Partner sech un een Dësch ze setze fir ze kucke wat d'Erwaardunge sinn, wat muss gemaach ginn an dann nächst Joer en Text dohinner ze leeën.“

An déi Diskussiounen dierften net einfach ginn. Ëmmerhi wier et wichteg, dass um Enn den Job engem gesonde Privatliewen net am Wee steet. De Sven Clement vun de Piraten: „Ech muss soen, dass ech dat ähnlech wéi eng ganz Rëtsch vun de Sozialpartner méi kriddeleg gesinn, well d'Leit sollen och nach iergendwou e Recht op Fräizäit hunn. Dat heescht wa mer d'Liberaliséierung vun den Ëffnungszäite maachen, musse mer ëmmer garantéieren, dass dat op Fräiwëllegkeet baséiert an dass do kee gezwonge gëtt zu Auerzäiten ze schaffe wou bemol d'Fleeg Doheem vun der Famill vun de Kanner – dee ganze soziale Reseau ewech brécht – well een zu onméiglechen Auerzäite schafft.“

Vill Konkretes gouf et deemno nach net. A sou bleift den Deputéierten nëmmen ze hoffen, dass no de schéine Wieder, elo och effikass Aktiounen nokommen.

Back to Top
CIM LOGO