Verhandlunge Psychotherapie gescheitertMinister: Prozedur misst geännert ginn

Fanny Kinsch
Pierre Jans
D'Verhandlunge fir de Remboursement vun der Psychotherapie sinn op en Neits gescheitert, CNS a Federatioun vun de Psychotherapeute si sech net eens ginn.
Verhandlunge Psychotherapie gescheitert
D’Verhandlunge fir de Remboursement vun der Psychotherapie sinn op en Neits gescheitert, CNS a Federatioun vun de Psychotherapeute si sech net eens ginn.

Den Haaptproblem wier bei den Tariffer, sot de Christian Oberlé, President vun der CNS e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview. Bei der Konventioun an de Leeschtungen hätt een nach net all Detail gekläert, ma a sengen Ae wier ee sech awer prinzipiell eens gewiescht. D’Gesondheetskeess hat 120 Euro d’Stonn proposéiert, d’Fapsylux 175 Euro. Vun do aus wier een net méi viru komm, sou de Christian Oberlé.

“Mir hu jo och elo net gesot, domat wier elo de ganze Prozess blockéiert. Mir hunn eis Argumenter, si hunn hir Argumenter, mir hu gemierkt, dass do dat néidegt Versteesdemech net do ass fir d’Argumenter vun där anerer Partei, mir kënnen hir net novollzéien, si warscheinlech eis och net an dat ass dofir, dass mer elo gesot hunn, da musse mer de Prozess ofbriechen. Mir mussen dat do an d’Hänn vun engem leeën, deen dat ka vu bausse kucken an déi Saachen evaluéieren an dann eng Propositioun maachen. Dat heescht, mir ginn eigentlech de Prozess sou ze soen aus der Hand.”

Domat wier ee gewëssermoossen an Neiland, Mediatiounen hätt een zwar schonn dacks gehat, ma bis ewell nach net bei Verhandlunge mat enger neier Beruffsgrupp. Bei der Gesondheetskeess wier op alle Fall nach e bësse Sputt no uewe bei den Tariffer.

“Mir si sécher net an enger Logik, wou den Apel kann duerch 2 gedeelt ginn, mee mir hunn och e Minister, dee sech mat deem do Thema befaasst. De Minister kennt d’Logik vun der Nomenclature, hie kennt d’Tariffer vun deenen aneren, fir mech wier hien natierlech och elo an enger Positioun, wou hie selwer och nach eng Kéier eng Meenung op d’mannst kéint soen, Mä da geet et haaptsächlech duerno drëm, d’Prozedur sou festzeleeën, dass mer sou séier wéi méiglech zu engem Remboursement kommen.”

D’Federatioun vun de Psychotherapeute versteet net, firwat d’Gesondheetskeess d’Verhandlungen als Echec erkläert huet. Eigentlech hätt een d’Gefill gehat, datt d’Gespréicher gutt géinge virugoen, sou d’Fapsylux-Presidentin Catherine Richard am RTL-Interview.

D’Ausso vum Christian Oberlé, d’Tariffverhandlunge wieren den Haaptproblem gewiescht, wëll si net sou stoe loossen. Ënnert anerem wat de Remboursement vu Psychotherapie bei Mannerjäregen an eelere Leit ugeet, géingen et nach Divergenze ginn.

Politesch Reaktiounen

De Minister ass gefuerdert, dat soen déi Gréng an d’DP, nodeems d’Verhandlunge fir de Remboursement vun der Psychotherapie op en Neits an der Sakgaass sinn.

De Minister misst all legal Mëttel préiwe fir anzegräifen, sou déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann seet iwwerdeems, d’Prozedur misst och a Fro gestalt ginn, et kéint net sinn, datt d’Verhandlungen elo scho méi wéi 4 Joer daueren an nach ëmmer kee rembourséiert gëtt.

Dee Constat mécht och de CSJ-President Alex Donnersbach. Och déi Chrëschtlech-Sozial Jugend fuerdert, datt d’Regierung agräift, fir séier eng Léisung ze fannen.

D’Piraten hu schonn eng dréngend Ufro gemaach, fir de Sozialminister an der zoustänneger Kommissioun ze gesinn. Do hätt ee bis ewell awer nach keen Datum kritt, heescht et op Nofro.

Reaktioun Minister

D’Situatioun vun de Verhandlunge fir de Remboursement vun der Psychotherapie, déi no 5 Joer nees an der Sakgaass sinn, géing weisen, datt d’Prozedur ze laang wier. Dat seet de Sozialminister Claude Haagen am RTL-Interview.

Wann ee sou eppes an Zukunft net nach ee mol erliewe wéilt, misst eppes um Code vun der Securité sociale geännert ginn.

RTL News: CNS deelt mat: D’Psychotherapie gëtt bis op Weideres net rembourséiert

Back to Top
CIM LOGO