D'Gesondheetskeess annoncéiert, datt d'Verhandlunge mat der Associatioun vun de Psychotherapeute FAPSYLUX op en Neits gescheitert sinn.

D'Positioune léiche sou wäit auseneen, datt en Accord iwwer eng Prise en charge net méiglech ass. An der nächster Reunioun de 14. September wäert d'CNS den Echec vun de Verhandlungen deklaréieren. Zënter 2017 lafen déi Negociatiounen. 2019 war schonn emol en Echec constatéiert ginn.

Et wëll een awer all d'Demarchen a legal Prozeduren anhalen, fir datt d'Prise en charge vun de Psychothérapie-Seancen am Laf vum Joer 2023 méiglech gëtt, sou heescht et nach vun der Gesondheetskeess.