Och Visitt beim Poopst geplangtMinistere Bettel an Delles touristesch an ekonomesch an Italien

Roy Grotz
Touristesch an ekonomesch sinn 2 DP-Ministeren aktuell an Italien ënnerwee: esou heescht et am offizielle Sproochgebrauch vun der Regierung.
© AFP

D’Ministere Bettel an Delles sinn zanter e Mëttwoch a bis Enn der Woch an der Emilia Romagna, wou zu Bologna e Business-Forum ass a wou och italieenesche Firmen de Business-Tourissem am Grand-Duché presentéiert gëtt.

E besonneschen Highlight steet awer um Samschdeg fir de Staatsminister Xavier Bettel um Programm, dee vu Bologna op Roum weiderreest - do ass awer keng Entrevue mat der neier italieenescher Premierministesch Giorgia Meloni geplangt, mee mam Poopst Franziskus.

De 85 Joer ale Chef vun der kathoulescher Kierch empfänkt de liberale Premier a Minister fir d’Cultes um Weekend, wou d’Allerhellege-Feierdeeg ufänken, fir eng Privat-Audienz am Vatikan.

Dee leschte Lëtzebuerger Politiker, dee vum Poopst empfaange gouf, war déi fréier gréng Ministesch Carole Dieschbourg.

De Xavier Bettel gesäit de Poopst eleng a gëtt just vum Lëtzebuerger Ambassadeur beim hellege Stull, dem Jean-Claude Kugener, begleet.

De Xavier Bettel huet am Kader vu sengen Etüden och Kiercherecht op der Uni vun Thessaloniki studéiert.

2015 war den Accord tëscht der Dräier-Regierung an de Glawenscommunautéiten ënnerschriwwe ginn, deen d’Trennung tëscht dem Staat an de Kierchen aktéiert huet.

Back to Top
CIM LOGO