Gesetz vun 79 reforméierenMinistesch: D'Gemengen an de Pacte Logement 2.0 mat abannen

Kevin Kayser
Vun der Oppositioun kënnt wuel och Luef fir den neie Pakt, ma d'Erhéije vun der Grondsteier an der TVA op Zweetwunnengen hu Kritik ervirbruecht.

D'Haaptprioritéit ass d'Locatioun vun der ëffentlecher Hand an zwee grouss legislativ Chantieren. D'Logementsministesch Sam Tanson huet en Donneschdeg de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun d'Prioritéite vun hirer Wunnengsbau-Politik fir déi nächst 5 Joer virgestallt. De Pacte Logement 2.0 soll kommen, d'Gemenge solle méi matagebonne ginn. De Logement wär kee politesche Sujet, seet d'Ministesch, mä zesumme misst een den Defi ugoen.

Chamberkommissioun Logement / Reportage Carine Lemmer

Eng Reform vum 79er Gesetz, d'Kadergesetz, dat all d'Aiden a Konventiounen definéiert, ass geplangt. Et soll en neit Gesetz ginn, dat der haiteger Zäit ugepasst ass. De Pacte logement 2.0 kënnt, an d'Chamber an d'Gemenge solle matagebonne ginn, seet d'Ministesch Sam Tanson, well ouni si, kënnt een net vum Fléck. Bis elo hunn awer d'Hallschent vun de Gemengen nach net mam Logementsministère geschafft, also nach keng Projete gemaach, also net am erschwéngleche oder soziale Beräich Wunnenge gebaut hunn.

D'Gemenge solle besser begleet sinn. Dat ass och néideg, seet de Max Hahn vun der DP. Virun allem déi kleng a mëttelgrouss Gemenge si mat deem Dossier komplett iwwerfuerdert. Déi hu schonn esou vill obligatoresch Aufgaben, datt de Logement do ze kuerz kënnt.

Fir d'ADR wär eng immens Erhéijung vun der Grondsteier e falscht Signal, mä de Roy Reding huet och Luef iwwreg, dat och, well eng Iddi vun der ADR opgegraff gouf, fir mat private Promoteure sozial Wunnengen ze bauen. Also an deem Sënn, datt déi Wunnenge verlount ginn zu Präisser, déi ze bezuele sinn.

Och d'LSAP an den Yves Cruchten freeë sech, datt speziell eng Iddi vun hinne soll ëmgesat ginn, nämlech datt e Fong soll geschaaft ginn, deen Terrainen opkeeft. Well et ass eng ekonomesch Realitéit, datt déi Persoun, déi d'Terraine besëtzt, och d'Präisser mécht, seet den Deputéierten.

Den David Wagner vun déi Lénk begréisst, datt d'Frais d'agencen, déi bis ewell eleng de Locataire muss bezuelen, sollen iwwerschafft ginn. An dobäi hat nach de Virgänger vun der Madamm Tanson dem Mann vun déi Lénk nach erkläert, datt dëst onméiglech wier.

D'CSV an de Marc Lies bedaueren nach ëmmer d'Hausse vun der TVA op Zweetwunnengen. Si wëlle beim gemeinsame Logements-Effort matmaachen, mä et geet hinnen net onbedéngt séier genuch. Grad vum Terrain awer och beim steierlechen Aspekt, kéint ee séier verschidde Saachen änneren.

Back to Top
CIM LOGO