En Dënschdeg gëtt an der Chamber iwwer d'Archivegesetz ofgestëmmt, domat kommen op d'Verwaltungen eng Rei Changementer duer. Lëtzebuerg hat bis ewell kee komplette legale Kader, par Rapport zum Ausland ware mer do hannendran.
"Mir brauche Reegelen, wéi de schrëftleche Patrimoine ze verwalten ass an d'Archiven ze hale sinn", seet de Rapporter vum Gesetzprojet. Den André Bauler war en Dënschdeg de Moien den Invité vun der Redaktioun.
Concernéiert sinn déi klassesch Verwaltungen an Zerwisser. Ma et ginn awer Ausname-Regimmer.
D'Cultë fale guer net ënner d'Gesetz.
Och d'Gemengen hätten op hir Autonomie gepocht, seet den André Bauler. Dës kënnen awer Cooperatioun-accorde mam Staatsarchiv maachen a se musse matdeelen, wann Dokumenter sollten zerstéiert ginn.
Eng Ausnamereegelung, déi fir de Finanzministère virgesi war, gouf zum Deel erausgeholl aus dem Text. A la base war virgesinn, datt guer keng Steierdokumenter hätte sollen archivéiert ginn, well Réckschlëss op Leit hätte kënne gezu ginn, déi haut nach liewen. Um Enn gouf als Kompromëss en Délai de communication vun 100 Joer festgehalen.
Wann ee bewosst Dokumenter verschwannen deet kann et Strofe vun tëscht 500 a 45.000€ ginn.
En Dënschdeg de Moie war den DP-Deputéierten aus dem Norden eisen Invité am Studio.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.