Ouni eng raisonnabel Punktwäerterhéijung wär et net zu engem Accord komm. Dat sot de Steve Heiliger, Generalsekretär vun der CGFP. Et wier wichteg, datt d’Leit ënnert de richtegen Aarbechtskonditioune schaffe kéinten, datt dem Personalmangel a verschidde Beräicher entgéint gewierkt géif ginn, an den ëffentlechen Déngscht als Employeur weider attraktiv bleiwe géif.
Donieft bräicht een och eng kontinuéierlech Gehälterpolitik. Den neien Accord salarial, dee jo e Freideg mat der Regierung ënnerschriwwe gouf, huet de Steve Heiliger “responsabel a raisonnabel” genannt:
“Mir haten e kloren Optrag vun Iech! Och d’Leit an der Fonction publique spieren d’Präisdeierescht. An och d’Leit an der Fonction publique mierken, dass den Index eleng net méi duer geet, fir déi auszegläichen.”
D’Joer 2022 wier ënnert anerem d’Joer vun den Tripartitte gewiescht. Ob d’Mesuren, déi do geholl goufen, den erhofften Effet op d’Inflatioun wäerten hunn, misst sech weisen. Ma egal wéi dierften d’Léisungen net op Käschte vun de Personnes physiques goen.
“Grad an Zäite wéi dësen, den Index a Fro wëllen ze stellen, ass en No-Go fir d‘CGFP. Et ass e sozialen Acquis par excellence. Den Index-Mechanismus huet seng Meritten – soziale Fridden, fir nëmmen deen ze nennen – an huet seng Preuve bestane, an däerf dowéinst och net a Fro gestallt ginn, weder an normalen Zäiten a scho guer net a Krisenzäiten”, esou de Steve Heiliger.
Enn August hätt den Zentralstaat nach mat engem Excedent vun 969 Milliounen Euro ofgeschloss. U sech war de Budget vun engem Defizit vun ëm déi 1,5 Milliarden Euro ausgaangen.
“Wann et de Staatsfinanze gutt geet, ass dat och Konsequenz vun der Net-Upassung vum Steierbarèmen un d’Inflatioun”, huet de CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger ervirgehuewen.
D’Staatsbeamtegewerkschaft fuerdert weiderhin eng allgemeng Steierreform an hätt sech an der Kris op d’mannst eng partiell Reform erwaart. Iwwer dee Wee kéint ee sozial Gerechtegkeet gestalten. Fir punktuell Mesurë wiere jiddefalls Moyenen do, grad wéi fir zumindest eng deelweis Upassung vum Barème.
“Déi war grouss ugekënnegt ginn, se steet souguer am Accord de Koalitioun, an lo gëtt gesot, dat wier net méiglech – wéinst der Kris. Wat mir eis als CGFP awer zumindest erwaart hätten, dat wier eng partiell Steierreform gewiescht. Well: Den Index ass déi eng Saach, mä déi sozial Gerechtegkeet, déi gestallt sech iwwert de Wee vun enger Steierreform. A mir soen et nach eng Kéier: Fir punktuell Mesurë sinn d’Moyenen do, grad wéi fir zumindest eng deelweis Upassung vum Barême...”.
D’CGFP kritt hirem President Romain Wolff no vu politesche Responsabele virgeworf, net sozial selektiv ze sinn. Dee Reproche huet hien zréck op d’Politiker geworf an eng Partie Beispiller genannt, dorënner dat vun der Chamber
“D’Gehälter vun den honorabelen Deputéierte sinn zur Hallschent steierfräi. Op enger bekannter Radiosantenne hunn eng ganz Rëtsch vun Volleksvertrieder op Nofro hin gesot, dat wier fir si guer kee Problem, wann dat voll géif besteiert ginn. An wat ass geschitt, grad an esou schwéieren Zäiten ewéi elo: Glat a guer näischt. En entspriechend Gesetz kéint een esou guer selwer stëmmen. Also: och hei keng Spuer vun sozialer Selektivitéit!”
De Romain Wolff huet d’Politiker dofir dozou opgeruff, opzehalen, der CGFP Virwërf ze maachen. De weidere Message vun der CGFP un d’Politik war e Méindeg den Owend zu Dummeldeng deen, datt ee sech Decisiounen am Interêt vum Land, der Fonction publique an all de Leit, déi beim Staat oder de Gemenge schaffen, erwaart.
D’Proffegewerkschaft APESS huet e Méindeg iwwerdeems kritiséiert, d’Carrière supérieure wier am Kader vum finaliséierte Gehälteraccord tëscht Fonction publique a CGFP “bausse vir gelooss” ginn.