ONGen an Associatioune kritiséieren"En nationale Plang géint Aarmut, deen déi Alleräermst ausschléisst"

Pierre Jans
Besonnesch haart géif et Leit treffen, déi international Protektioun kréien.

E Grupp vu Lëtzebuerger ONGen an Associatioune kritiséiert op en neits den Aktiounsplang géint d’Aarmut vun der Regierung. Positiv wär, dass den zoustännege Minister Max Hahn de Plang presentéiert hätt, an dass et administrativ Vereinfachungen, eng Harmoniséierung an deels och eng Automatiséierung vun den Aide géif ginn.

D’ONGe kritiséieren awer, dass et nach ëmmer keng richteg Statistiken iwwer d’Pauvretéit zu Lëtzebuerg gëtt. Iwwerdeems wären déi Äermst och trotz Aiden nach ëmmer ganz aarm.

Géint d’Kanneraarmut fuerdere si eng Hausse vun den Allocatioune fir Familljen.

Besonnesch haart géif et Leit treffen, déi international Protektioun kréien. U si géif am Aktiounsplang géint Aarmut net genuch geduecht ginn.

Ob ASTI, Médecins du Monde, Amnesty International, Solidaritéit mat den Heescherten oder anerer: Si halen an engem Communiqué zesumme fest, dass hir Aarbecht nach laang net eriwwer wär.

Pressecommuniqué
Un plan national pauvreté qui exclut les plus démuni·e·s

Back to Top
CIM LOGO