De Wollef ass net nëmmen nees zréck zu Lëtzebuerg, mee e räisst och nees Schof. Bei de Bauere suergt dat awer net weider fir Opreegung. Méi ee grousse Sujet am Secteur si par contre déi nei Oplage fir d'Bauen an der Gréngzon, an och déi héich Energiepräisser duerch den Iran-Krich, esou de President vun der Landwirtschaftskammer Christian Hahn als eisen Invité vun der Redaktioun.
Bei Wëntger a bei Hengescht haten direkt zwee verschidde Wëllef zougeschloen a Schof gerass, ma dat huet awer net dozou gefouert, datt d'Bauere sech zu Wuert gemellt hätten. Dat läit warscheinlech engersäits dorunner, datt et awer nach just Eenzelfäll sinn an et am Grand-Duché och keng grouss Schofsproduktioun gëtt, an anerersäits dorunner, datt de System vun de finanziellen Entschiedegungen duerch de Staat funktionéiert. De President vun der Landwirtschaftskammer Christian Hahn gëtt awer ze bedenken, datt de System trotzdeem seng Lacunnen huet.
"De Problem ass awer nach ëmmer, zum Beispill, et gëtt lo Fréijoer, déi éischt Béischte sinn dobaussen, wa Béischten aus enger Perche erausginn, wou vläicht de Wollef do war, wou een awer net direkt beweise kann, datt en do war, jo all déi Saache sinn net gedeckt."
Een Dossier, deen d'Bauere schonn eng Partie Jore beschäftegt, sinn d'Bauen an der Gréngzon. Enn Mäerz gouf am Regierungsrot ee Projet de loi presentéiert, deen nei Oplagen definéiert. Och wann d'Landwirtschaftskammer den Text nach net kritt huet, géing een awer hoffen, datt vill Fuerderunge vun de Baueren hire Wee an den Text fannen. Et wier een och frou, wann den Ëmweltminister Serge Wilmes am nächste Regierungsrot den entspriechende Règlement grand-ducal presentéiere géing.
D'Oplage fir an enger Gréngzon bauen ze dierfen, géinge quasi dee ganze Secteur betreffen an net just Aussiidlerhäff.
"Wat awer och ass, d'Struktur vun de Betriber ass dacks méi grouss, wéi de Perimeter et zouléisst. Déi meescht Perimeter gesi vun der Strooss aus eng Baudéift vu bis zu 42 Meter vir, dat heescht, d'Wirtschaftsgebai, de Stall, d'Hal, déi stinn dann awer an der Zone verte, obschonn de Betrib, fir deen, dee laanscht fiert, am Duerf ass, ass een dann awer net méi an deem Deel vum Perimeter."
Ee Punkt, deen de Bauere besonnesch wichteg ass, ass datt d'Weiderverschaffen an de Verkaf vu Liewensmëttel um Haff mat den neien Oplage vereinfacht gëtt.
Wéineg iwwerraschend sinn och d'Bauere vun den héijen Energiepräisser betraff, dobäi kommen nach d'Düngerpräisser, déi och an d'Luucht gaange sinn. Dat géing awer manner wéi doen, wéi d'Hausse beim Sprit.
"Den Dünger ass eppes, wou een am Oktober, November dat lescht Joer schonn ee gudden Deel kaaft huet, do konnt een deelweis vläicht nach iwwerbrécken, bis een es vläicht nach e bëssi muss kafen. Bei de Pëtrolspräisser, den Diesel, dee mer fueren, war bal um Duebel vum Präis vum November dat lescht Joer."
Dobäi kéim, datt d'Präisser vun de Kären net eropgaangen, mee quasi stabel bliwwe sinn. An och déi annoncéiert Hausse vum Mindestloun géingen d'Betriber spieren. No enger finanzieller Ënnerstëtzung duerch de Staat wollt de Christian Hahn net direkt froen, mee:
"Wann Hëllefe kommen, wéi zum Beispill, deemools ass et déi Stroumbäihëllef ginn, gutt de Stroum huet lo nach net sou staark drop reagéiert, mee wa Bäihëllefe kommen, da soll d'Landwirtschaft net vergiess ginn. Deemools ass se bëssi vergiess ginn, well et déi Bäihëllef ënnert 25.000 Kilowatt ginn ass, ee landwirtschaftleche Betrib läit do driwwer."
Dacks hätte Betriber nëmmen ee Compteur fir de Betrib an d'Haus, sou datt et da mol net d'Hëllef fir d'Haus ginn hätt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.