Mir brauchen eng Visioun fir d'Handwierk an eng Formatioun bei där et wierklech drëm geet e Beruff ze léieren.
Dat fuerdert d'fédération des artisans. De President Michel Reckinger war um Dënschdeg de Moien den Invité vun der Redaktioun.
Et melle sech net genuch Kandidaten an et packen der et net genuch, den Echec läit bei bis zu 50%.
Den Niveau erof schrauwe wier keng Léisung, par Konter misst d'Formation professionnelle vu Grond op reforméiert ginn. De Ministère géing ëmmer méi probéieren, déi ganz Formatioun an d'Schoul ze féieren. Et géif drëm goen, idealerweis, jiddereen op eng 1ière oder 13ième ze drécken. Deen Akademiséierungswahn an der Formation scolaire wier néfaste fir den Aarbechtsmaart. Mir bräichte Leit déi gutt schaffen, déi kéinten upaken, déi an hirem Metier eppes kéinte kreéieren, sou de Michel Reckinger. Déi Visioun hätt de Ministère op alle Fall net.
Dem Educatiounsminister Meisch seng Adaptatiounen an der Beruffsausbildung wiere just kleng Verbesserunge gewiescht a géinge leider net duer.
D'Handwierkerfederatioun ass iwwerdeems der Meenung, datt de Volet Formation professionnelle éischter bei den Aarbechtsministère géing gehéieren ewéi bei d'Educatioun.
E weidere grousse Problem wier d'Orientatioun, esou de Michel Reckinger. Déi wier haut nach ëmmer iwwert d'Mathe an d'Sproochen. Karrikatural kéint ee soen, wann ee schlecht an der Mathe ass a schlecht am franséischen, dann ass een e gudde Bäcker. Sou géif d'Orientéierung haut funktionéieren zu Lëtzebuerg. Déi Schüler mat der schlechtster Pré-Qualifikatioun géifen op der 10ième an d'Handwierk orientéiert ginn. Dat wier fundamental falsch.
D'Orientéierung misst schonn an der Grondschoul ufänken, am Ufank am Lycée missten dann zum Beispill Stagen a Visitten organiséiert ginn.
D'Handwierk wier dat schéinst wat et gëtt, esou de Michel Reckinger, an am Handwierk kéint een definitiv Karriär maachen.
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moie war de President vun der Fédération des artisans.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren