"Mir hu misse Verantwortung iwwerhuelen. Dat si mer dem Camille a senger Aarbecht schëlleg". Dat sot um Mëttwoch de Moien den zukünftegen, grénge Staatssekretär Claude Turmes. Hie war den Invité vun der Redaktioun.
D'Decisioun, datt hien de Camille Gira ersetzt an neie Regierungsmember gëtt, wär kollektiv bei deene Grénge geholl ginn. Et wär net seng Liewensplanung gewiescht, mä et wär nunemol eng Krisesituatioun. Politik wär kee Privatvergnügen, sou de Claude Turmes, mä et géif drëms goen an enger Equipe Iddien ëmzesetzen. An dofir wär et seng Verantwortung fir anzesprangen.
Fir hie wär och ganz kloer.. .nach ass hien – an zanter bal 20 Joer Europadeputéierten – mä wann hien elo an déi national Politik wiesselt, géif kee Wee méi zréck goen an d'Europaparlament.
Invité vun der Redaktioun um Mëttwoch de Moie war den neie Staatssekretär am Nohaltegkeetsministère.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren