Och wann elo vun ugangs Mee un d'Schoulen an Etappen nees sollen opgoen. E Méindeg fänkt déi éischt Phas vum Déconfinement un. Ugangs Mee sollen och etappeweis d'Schoulen nees opgoen. Vill Jonker maache sech aktuell Gedanken: "Et geet ëm jonk Leit, déi hiren Ofschloss maachen an dat ass natierlech eng Katastroph, wann déi elo net weiderkommen, wann déi eng Mauer gesinn. Sou huet ee bei all deenen Iwwerleeunge gekuckt, wou kënne mer villäicht e bëssen eppes lockeren. Wat eigentlech net eng gutt Iddi ass, dat muss ee ganz kloer soen. Mee et ass souzesoen dee Kompromëss, wou ee seet, wou kënne mer do eng Schadensminiméierung hunn, fir op der anerer Säit awer an der Gesamttendenz ëmmer nach eng Kontakt-Spär ze hunn."
Kontaktbeschränkunge misst ee weider oprecht erhalen, well et nach keng Medikamenter oder Therapië gëtt.
