D’Staatsbeamtegewerkschaft krittiséiert, datt de Bewäertungssystem vun der Arméi net ofgeschaaft gëtt, obwuel ee sech mat der viregter Regierung drop gëeenegt hätt - ofgesi vun der Stagezäit - d’Bewäertung beim Staat ze sträichen.
Nodeems se weder bei der Conciliatioun, nach bei der Mediatioun Recht kritt hätt, géif et der CGFP selbstverständlech zoustoen, viru Geriicht probéiere Recht ze kréien, fënnt de Serge Wilmes, Minister vun der Fonction Publique.
D’CGFP bedauert, datt d’CSV zur Politikverdrossenheet bäidroe géif, an dat esou kuerz virun den Europawalen. Als Oppositiounspartei hätt d’CSV am Summer nach beim Vott vum Arméisgesetz drop gehalen, datt Blo-Rout-Gréng sech un de Gehälteraccord hale misst. “Si hu souguer eng Motioun dee Moment erabruecht an e vote séparé wollten hunn a si sech wuel bewosst gewiescht, datt dat do e Vertragsbroch wier”, betount de CGFP-President Romain Wolff. “Elo si se an der Regierungsverantwortung a lo si se verschwonnen.” Dat wär en Trauerspill.
“D’Regierung steet zum Gehälteraccord, dee mat der CGFP ausgehandelt gouf”, betount iwwerdeems de Minister vun der Fonction Publique. De Bewäertungssystem, wéi en 2015 agefouert gi wär, géif ofgeschaaft ginn. De Serge Wilmes wëll deemnächst en entspriechenden Avant-projet de loi am Regierungsrot presentéieren.
Beim Bewäertungssystem vun der Arméi wäert et bleiwen. Dee géif et zanter de 50er Jore ginn, och wann en 2019 nei formuléiert gi wier. Et géif sech hei ëm eng Fro vu Sécherheet handelen.
“D’Regierung wollt keng gemeinsam Léisung fannen”, bedauert de Romain Wolff. D’CSV-DP Koalitioun géif de Sozialfridde liichtfankeg op d’Spill setzen. D’CGFP iwwerdeems beschreift sech als raisonnabel a kompromëssbereet. Den 29. Abrëll wëll d’Staatsbeamtegewerkschaft eng Protest-Aktioun organiséieren.
Hien hätt zwou Entrevuë mat der Staatsbeamtegewerkschaft gehat, seet de Serge Wilmes. Dorënner eng zum Thema Bewäertungssystem an der Arméi. De Kompromëssvirschlag vun der CGFP wär net acceptabel gewiescht. Et wär drop erausgelaf, datt een eng Zort Bewäertungssystem bei der Arméi bäibehale géif, en awer net méi esou nennen dierft. “Ech fanne schonn, datt ee soll kënnen d’Kand mam Numm nennen.”