
“Mir wëllen net Sheriff spillen”, dat sot eis den Apdikter, wéi mir hie per Telefon kontaktéiert hunn an nogefrot hunn, wisou si den Opruff op Facebook gemaach hunn.
Um Mëttwoch huet eng Apdikt aus dem Norde vum Land en Opruff op Facebook gemaach, fir no engem presuméierten Täschendéif ze sichen. De Post gouf mëttlerweil modifizéiert, Fotoe vun der Persoun gesäit ee keng méi. Am Bäitrag, deen iwwer 4.500 Mol gedeelt gouf, gesäit een e Mann, deen eng Posch an der Hand huet. D’Gesiicht vum Mann konnt ee kloer erkennen. An de Kommentaren hu verschiddener Indicë ginn, ëm wien et sech kéint handelen. RTL géintiwwer sot den Apdikter, dass een all d’Informatiounen un d’Police weiderginn hätt.
“Mir hunn den Opruff gemaach, well een op de Videoopname kloer gesäit, dass de Mann d’Posch aus engem Rollator vun engem Client geklaut huet. Mir hu Plainte bei der Police gemaach, an déi och informéiert, dass mer dat géife maachen.” Iwwerdeems hätt een och mat engem Jurist geschwat, éier een eppes publizéiert hätt.
D’Police hätt och all Informatiounen direkt kritt an och d’Videoopnamen, esou den Apdikter. An engem weidere Message op Facebook hu si de Leit Merci gesot, déi sech gemellt hunn.

Eegeninitiative vu Privatleit verhënneren, wier duerch d’sozial Medie ganz schwéier, esou de Pressebüro vun der Police. Et wier wichteg, dass sech Privatleit an esou Fäll mat der Police concertéieren. Schrëftlech krut RTL matgedeelt: “Fir d’Ermëttlunge vun der Police ass et wichteg, iwwer all Schrëtt informéiert ze sinn an all d’Informatiounen ze hunn. Dofir muss de Beamten och onbedéngt d’Resultater vu privaten Zeienopriff matgedeelt kréien.”
Wa Privatpersoune Messagen an de soziale Medie verbreeden, kéint een d’polizeilechen Ermëttlunge steieren, esou d’Police. Zum Beispill well eng Reaktioun beim potentiellen Täter bewierkt gëtt, oder dësen dozou verleet gëtt, méiglech Spueren ze besäitegen oder seng Virgoensweis ze änneren. Eng Privatpersoun, déi esou een Opruff lancéiert, misst sech och bewosst sinn, dass, wann ee sech net un den Dateschutz an de Schutz vun der Privatpersoun hält, een dofir juristesch kéint poursuivéiert ginn.

Och bei enger Vermësstemeldung réit d’Police dovun of, an Eegeninitiativ ze handelen. Et géif ee verstoen, dass Famill a Frënn an esou Situatiounen emotional reagéieren a wéilten hëllefen. Grad dofir wier den Echange mat de Beamte wichteg.
Bei Strofdote wéi engem Accident mat Fahrerflucht oder engem Gewaltakt wieren Zeienopriff ganz eendeiteg d‘Aarbecht vun der Police an der Justiz. Schrëftlech deelt de Pressebüro vun der Police mat: “Och an deene Fäll gëllt prioritär, de Fall der Police ze mellen, fir kënnen déi noutwenneg Ermëttlungen anzeleeden. Dozou kann ënnert anerem d’Sécherstellung vu Beweismaterial gehéieren. Doduerch, datt d’Police eng Strofdot gemellt kritt, ka si och iwwerpréiwen, ob eventuell schonn e Lien mat anere Strofdote besteet, oder eng Persoun oder Strofdot ewell op engem anere Kommissariat gemellt gouf. Wann eng Privatpersoun an engem ëffentleche Post eng bestëmmte Persoun verdächtegt a perséinlech ernimmt, beschëllegt si se jo ëffentlech ouni forcement ee Beweis ze hunn, wouduerch een enorme Schued fir déi Persoun entstoe kann. Et ass un der Police, objektiv an neutral hir Ënnersichungen ze maachen.”