Neijoerschreceptioun vun der DP"Mir wollten d'Kafkraaft vun de Leit stäerken"

Christophe Hochard
D'DP war mat plus zwee Sëtz ee vun de Gewënner vun de Chamberwalen am Joer 2023. Op der Neijoerschreceptioun huet ee positiv an dat neit Joer gekuckt.

Op der Neijoerschreceptioun am Melusina huet een de Bilan vum Superwaljoer gemaach an och no vir gekuckt, d’Joer 2023 wier ee ganz positiivt gewiescht, esou d’Carole Hartmann Generalsekretärin vun der DP am RTL-Interview. “Mir wollten d’Kafkraaft vun de Leit stäerken. Mir wollten eng Logementsoffensiv maachen, de Klimaschutz onbedéngt weiderfeieren. An dat sinn och Prioritéiten déi mer eis elo ginn am Koalitiounsaccord vun der neier Regierung.”

Heescheverbuet

De Koalitiounsaccord géif kloer d’Handschrëft vun der DP droen, esou hir Generalsekretärin. D’Kritik vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana et wier ee méi sozial kaalt Klima de Moment am Land ginn, well d’DP Politikerin esou net stoe loossen. Déi sozial-liberal Handschrëft, déi een an der leschter Regierung als DP vertrueden hätt wéilt een och elo nach weider droen. Beim Heescheverbuet géif et der DP drëms goen déi organiséiert Kriminalitéit ze bekämpfen an d’Sécherheet vun de Leit ze consideréieren. Et wier dofir wichteg der Justiz an der Police déi néideg Moyene ginn.

D’Europawale wiere fir DP e wichtege Rendez-vous. Bei de leschten Europawale krut een zwee Sëtz.

Neijoerschreceptioun vun der DP
D’DP war mat plus zwee Sëtz ee vun de Gewënner vun de Chamberwalen am Joer 2023. Op der Neijoerschreceptioun huet ee positiv an dat neit Joer gekuckt.

Back to Top
CIM LOGO