DrauweliesMiseler Wënzer zefridde mat der Qualitéit vun den Drauwen

Pierre Jans
Dofir sinn et awer nëmmen hallef esouvill Drauwen ewéi zejoert. Dréchent an de Summerméint. Dobäi hate vill Drauwen e Sonnebrand.
© Jean Walté

Et ass den Ament vill lass an der Wéngerten op der Musel. Eng Woch scho sinn d'Miseler Wënzer an der Lies. Wéi all Joer kommen dofir och Leit aus dem Ausland, fir ze hëllefen. Si hunn et bis elo awer net einfach.

De President vun den Domaines Vinsmoselle Josy Gloden: Mir haten dës Woch elo net esou Chance mam Wieder. Et huet vill gereent. Et ass net esou een optimaalt Wierder. Mir sinn dofir awer frou fir déi gutt Qualitéit déi am Wéngert hänkt.

Reaktioun Josy Gloden

Dofir sinn et awer nëmmen hallef esouvill Drauwen ewéi zejoert. Dréchent an de Summerméint. Dobäi hate vill Drauwen e Sonnebrand. An der Kellerei hei zu Wellesteen ass dofir och ongewinnt wéineg lass. Eng gutt Nouvelle ass dogéint, dass e Freideg den éischte Fiederwäissen an de Patt koum.

Back to Top
CIM LOGO