
A Kooperatioun mam Finanzministère a mat der Police gouf elo e mobille Büro an d'Liewe geruff. D'Zil ass et, d'Ventë weider ze professionaliséieren a méi modern z'organiséieren.
Virun allem Autoe komme bei der Ausrifferin Simone Ehlinger ënnert den Hummer. Am ganze Land sinn et eng 700 Stéck d'Joer. Et sinn al Gefierer vum Staat oder där déi confisquéiert goufen.
"D'Autoe sinn de Renner, awer och Mobilier, Material, Schrott, Handyen a Bijoue gi versteet", seet den Direkter vum Enregistrement Romain Heinen. Ronn 1,5 Milliounen d'Joer fléissen esou an d'Staatskeess.
D'Geschäfter lafen also gutt, d'Organisatioun soll awer weider verbessert ginn. E grousse Problem war bis ewell dee vun den ënnerschiddleche Konditiounen op den ënnerschiddleche Plazen am Land. Déi vill Sitte wieren net onbedéngt amenagéiert, fir déi Steeën ofzehalen.
E Problem deen elo mat engem mobille Büro an enger Camionnette soll geléist ginn. De Finanzminister Pierre Gramegna war bei der Remise des clés e Mëttwoch dobäi: "An der Camionnette kann ee sech sëtzen, et sinn déi néideg Connectiounen do, et ass Internet do, sou datt de Payement ka gemaach ginn. Et ass e bessere Service um Client. Et ass eng effikass a relativ bëlleg Manéier, fir déi Steeën z'organiséieren."
D'Clientèle op de Steeën hätt och geännert, zwee Sécherheetsleit solle bei alle Rendezvousen dofir suergen, datt alles riicht ofleeft.
Da gëtt och op eng besser Kommunikatioun gesat. Ënner anerem gëtt et elo eng Präsenz op Facebook.