De Loyer bleift fir vill Leit awer dee selwechten.
Fir esou Leit ënnert d'Äerm ze gräifen, huet d‘Regierung d'Modalitéiten an d'Konditiounen, fir eng staatlech Subventioun fir de Loyer ze kréien, ugepasst. Dat war souwisou virgesinn, mä wéinst der Kris gëllt déi Adaptatioun scho vun e Mëttwoch un.
Déi staatlech Hëllef riicht sech u Stéit mat engem klenge Revenu, vun deem op d'mannst 25 Prozent an de Logement fléissen. An dräi Tableauen ass d'Hëllef gestaffelt, vun engem Stot mat enger Persoun bis e Stot mat 6 oder méi Kanner.
E Beispill: de Seuil vum Revenu läit fir e Stot mat 2 Kanner elo bei 5.500 Euro Netto. De Loyer, deen de Logementsministère fir déi Kategorie als Referenz hëlt, läit bei 1.380 Euro de Mount. Fir e Stot mat 2 Kanner ass déi finanziell Hëllef fir de Loyer bei 187 Euro plafonéiert.
PDF: Hei dat adaptéiert groussherzoglecht Reglement mat den neien Zuelen.