
Op der N7 tëscht dem Fridhaff a Lëpschter Dällt ginn e Sonndeg den Owend géint 22.45 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert. Eng Ambulanz aus der Nordstad war op der Plaz.
Op der A3 ass ëm kuerz no 23 Auer beim Grenziwwergang zu Diddeleng ee Motocyclist gefall. E Samu-Won vun Esch an eng Ambulanz vun Diddeleng waren op der Plaz, fir sech ëm de Blesséierten ze këmmeren.D’Police sicht am Kader vum Accident elo no Zeien.
E Méindeg de Moie koum et géint 10.38 Auer op der A13 op der Héicht vu Schëffleng zu engem Accident mat engem Blesséierten. En Auto war géint d’Sécherheetsbande gerannt. Eng Ambulanz vun Diddeleng war op der Plaz.Ëm 12.20 Auer hate sech dann zu Elleng 2 Autoen ze pake kritt. D’Ambulanz vu Munneref war hei op der Plaz, fir sech em eng blesséiert Persoun ze këmmeren.
Géint 16.20 waren dann 2 Autoen an der Stad matenee kollidéiert. Och hei gouf et ee Blesséierten.