Am LokalenMotocyclist gefall a blesséiert um CR132

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend ass e Motorradsfuerer op der Streck Krautem a Richtung Schlammestee gefall a gouf verwonnt.
© Archivbild

Eng Ambulanz aus Beetebuerg an d’Pompjeeë Réiserbann waren op der Plaz.

Zu Esch-Uelzecht ass um 6.40 Auer am Rond-Point Raemmerich een Auto accidentéiert. De Bilan sinn zwee Blesséierter.

Dann huet et nach e Sonndeg de Moie géint 5.30 Auer zu Colmer-Bierg hannert der Schwämm bei engem Restaurant gebrannt. D’Pompjeeë vu Colmer-Bierg, Biissen an Nordstad waren op der Plaz. Et koum keng Persoun zu Schued.

© Mobile Reporter NK

Da mellt de CGDIS nach eng Chutte vun engem Motocyclist kuerz no 14 Auer vu Stolzebuerg a Richtung Däitschland. D’Ekippe vu Pëtschent an der Nordstad hu sech ëm de Blesséierte gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO